arrow
image

Eng nohalteg Perspektive fir den Atelier Central

Feierôwend

Datiert

17/10/2026 09:00 - 21:45

Am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine mécht de FerroForum de 17. Oktober d'Diere vum Atelier Central grouss op fir en Dag dee ganz am Zeeche vun der industrieller Memoire, dem Savoir-faire an dem Zesummesi stoe wäert.


Den Dag fänkt um 11 Auer u mat enger Presentatioun an enger Table-Ronde zum Thema "Eng nohalteg Zukunft fir den Atelier Central", wou iwwert d'Perspektive vun der Entwécklung an der Valorisatioun vum Site diskutéiert wäert ginn. Um 12 Auer proposéiert Schëfflenger Musek e Concert-Apéritif. Am Laf vum Dag wäerten d'Visiteure Couléeën, Demonstratiounen an der Schmëdd an dem Plasma-Schneider erliewe kënnen, mee och d'Archiver erfuerschen, déi mir an eiser Ressourcerie beherbergen. Eis Partner, de Schmelzaarbechter Musée an d' Amis de l’histoire et du musée de la ville d’Esch wäerten och mat derbäi sinn an hir Aktivitéite virstellen. Wéi gewinnt wäert et och lokal Spezialitéite gi fir sech tëschenduerch ze stäerken. 

.


An ab 20 Auer invitéiere mer ob eisen traditionnellen "Feierôwend", animéiert vum Luciano Pagliarini a sengem Orchester, an duerno der Retroplatinodisco vun de Loon DJs.

From ECHO.lu