arrow
image
Andere

50 Joer Dullemajik

Lëtzebuerger Volleksmusek

Datiert

13/05/2025 18:00 - 19:15

2025 feiert den Ensemble Dullemajik säi 50. Anniversaire. Den Ensemble gouf 1975 vum Guy Schons, Sänger, Museker a Kulturhistoriker, gegrënnt. Dullemajik as en aalt Wuert fir Dreh- rep. Radleier, frz: vielle à roue, en historescht Saiteninstrument, dat bis am 19. Joërhonnert bei ons doheem wor.


1976 huet den Ensemble seng éischt LP mam Titel Dullemajik. Lëtzebuerger Volleksmusek publizéiert an ass zënerdeems a ville Länner vun Europa, an den USA, a Japan asw. opgetrueden.

De Repertoire vum Ensemble ëmfaasst Vollekslidder an -dänz aus ville Joërhonnerten, vu stëmmungsvolle Balladen aus der Renaissannce bis zu lëschtegen a satiresche Lidder vum Putty Stein an aneren Auteuren aus dem Ufank vum 20. Joërhonnert.


Museker∙inn∙en :

Gesang, Gitar Guy Schons

From ECHO.lu

Gesang, Flütt Marion Michels

Dullemajik Jacqueline Servais

Viola da Gamba Michel Igisch.

Gesang, Flütt, Klarinett Nadine De Lorenzi-Bissen

Preis

Erwachsene

Student∙inn∙en

Gruppen > 5 Pers.

Teilen