OBJEKTIVER: Schafe vun engem nationalen Zenter fir d’Industriekultur
D’Zil vun der Asbl Industriekultur-CNCI ass et e Reseau ze schafen, deen all d’Acteuren am Beräich vum industriellen Ierwen zesummebréngt, fir nei Bestëmmunge fir dëse Patrimoine ze fannen an dat architektonescht Ierwen, wat a Gefor ass, ze retten.
Den nationalen Zenter soll e Kompetenzzenter fir d’Industriekultur an den industrielle Patrimoine vu Lëtzebuerg ginn an nei Initiative fir de Schutz an Erhalt vum industriellen Ierwe starten.
KREATIOUN: Vum Aarbechtsgrupp Eise’Stol bis bei d’Asbl Industriekultur-CNCI
Am Kader vun der Kandidatur vum Minett fir en Deel vum UNESCO-Programm “Man and the Biosphere” (MAB) ze ginn, ass 2017 den Aarbechtsgrupp Eise’Stol entstanen, deen dës Kandidatur begleede sollt.
Ënnert dem Impuls vun der Kulturministesch Sam Tanson ass den Aarbechtsgrupp de 26. Juni 2019 an d’Asbl “Industriekultur-CNCI” ëmgewandelt ginn. Hir éischt Aufgab war et dem Ministère en neit Konzept fir en nationalen Zenter fir Industriekultur “CNCI” ze proposéieren a parallel un enger Opwäertung vun der Gebléishal um Belval ze schaffen.
Bei der Ënnerschrëft vun der Konventioun mam Kulturministère, de 27. Januar 2020 an der Téitenger Schungfabrik ass d’Konzept fir den CNCI virgestallt ginn.
KONZEPT: Netzwierk a Referenzzenter – déi duebel Roll vum CNCI
Obschonn et eng grouss Unzuel vun Initiativen a Strukture gëtt, gëtt et bis ewell zu Lëtzebuerg weder e Referenzzenter fir zäitgenëssesch Industriekultur nach en effikassen a professionelle Reseau tëscht den Acteuren um Terrain.
Den CNCI soll dowéinst déi duebel Roll vun engem Kooperatiounsreseau an engem Referenzzenter fir d’Industriekultur iwwerhuelen an dat mat dësen Ziler:
-
- Opwäertung vun existente Strukturen am Beräich vun der Industriegeschicht,
-
- en dezentraliséierten, interaktiven an effikasse Reseau tëscht de Strukturen, déi am Beräich vun der Industriekultur aktiv sinn, schafen,
-
- Fuerschung a Léier am Beräich vun der regionaler an nationaler Regioun fërderen,
-
- d’Bedeitung vun de Minnen a Stolwierker, esou wéi och de Wäert vun der Aarbecht, déi vun de Mineuren an an de Schmelze geleescht gouf, an der kollektiver Memoire valoriséieren,
-
- dem Public Wëssen iwwert déi Lëtzebuergesch Industriekultur an hirem internationale Kontext vermëttelen,
-
- Informatiounen an Dokumenter iwwert d’Industriekultur sammelen, esou gutt um akademeschen Niveau ewéi fir d’Allgemengheet,
-
- dozou bäidroen nei Verwendunge fir industriell Broochen ze fannen,
-
- nei Strukturen an Initiativen ze grënnen an z’ënnerstëtzen.
Méi Informatiounen iwwert d’Asbl sinn um Site vun Industriekultur-CNCI ze fannen.