ROCKLINES TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

Geoheritage Days

Entdeckt dat geologescht Ierwe vu Lëtzebuerg

 

Éischt Editioun vun den Deeg vum geologesche Patrimoine

 

De Samschdeg, 4. September a Sonndeg, 5. September organiséieren den Natur- & Geopark Mëllerdall an d’Minett UNESCO Biosphere zesummen déi éischt Editioun vun den “Geoheritage Days” zu Lëtzebuerg.

 

Zil vun dësem Entdeckungsdeeg ass et, dat schützenswäert geologescht Ierwe vu béide Regioune bekannt ze maachen. Et geet drëm dëst, fir Lëtzebuerg eenzegaartegt, Ierwe vu béide Regiounen, wat iwwert d’Grenze vum Grand-Duché eraus senges Gläiche sicht, ze valoriséieren.

 

Fielsen, Fossilien a Landschafte sinn en Deel vun der Geodiversitéit an deemno eist geologescht Ierwen (=Geopatrimoine). Se erzielen déi eenzegaarteg Geschicht vun der Entwécklung vun eisem Planéit, vum Klima a vum Liewen op der Äerd, vu sengem Ufäng bis haut. D’Geschicht vun der Äerd ass och d’Geschicht vun der Mënschheet an hir Zukunft ass och eis Zukunft. D’Erfuerschung an de Schutz vun eisem geologesche Patrimoine sinn néideg fir eist Wëssen iwwer vergaangen Evenement virun auszebauen an dëst esou fir aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen notzen ze kënnen.

 

 

Den Detail vun den Evenementer vun de “Journées du Patrimoine Géologique”

 

Den Natur- & Geopark Mëllerdall invitéiert op zwou gefouert Wanderungen um Samschdeg. An der Minett UNESCO Biosphere proposéiere mir iech dräi guidéiert Tier um Sonndeg.

 

Samschdeg, de 4. September 2021 – Natur- & Geopark Mëllerdall

 

 

9h30 : Trëppeltour bei de Geosite Wollefsschlucht (zu Iechternach)

D’Geologin Birgit Kausch hëlt iech mat an erkläert iech déi 40 Meter déif a schmuel Schlucht am Sandsteen, déi an der Géigend vun Iechternach ze fannen ass. D’Wollefsschlucht gouf virun 140 Joer touristesch erschloss a begeeschtert bis haut all Joers eng Hellewull Visiteuren.

 

14h00 : Trëppeltour bei de Geosite vum Joer: den Noumer Champignon (zu Noumer)

Begleet d’Geologin Birgit Kausch op de “Geosite vum Joer 2021” a gitt gewuer wéi dës aussergewéinlech Sandsteenformatioun entstoe konnt.

 

Sonndeg, de 5. Septembre 2021 – Minett UNESCO Biosphere

 

An enker Zesummenaarbecht mat senge Partner, dem « Musée national d’histoire naturelle – ‘naturmusée’ », dem « Musée National des Mines de Fer » vu Rëmeleng, dem « Minett Park Fonds-de-Gras » an den « Amis de la Géologie, de la Minéralogie et la Paléontologie du Luxembourg », proposéiert d’Minett UNESCO Biosphere iech dës Aktivitéiten:

 

 

9h30 : Wéi kënnt d’Eisen an de Buedem ? (Nidderkuer)

De Robert Weis, Paleontolog vum ‘naturmusée‘, féiert iech iwwert de geologeschen Entdeckungspad am Naturschutzgebitt vum “Giele Botter”, wou hien déi geologesch Villfalt vun deem fréieren Dagebaugebitt erkläert.

 

10h00 : A jurassic walk (Rëmeleng)


De Ben Thuy, Paleontolog vum ‘naturmusée’, weist op dësem Tour wéi, am Zäitalter vum Jura, Natur an Ëmwelt  vum Minett vun engem tropeschen Ozean zu enger Küsteregioun goufen an dat um Beispill vum alen Dagebaugebitt “Huttbierg tëscht Rëmeleng a Käl.

 

14h00 : D’Minetter Koralleriffer (Rëmeleng)

Entdeckt zesumme mam Professer Bernard Lathuilière (Université de Lorraine, Nanzeg) déi al Minetter Koralleriffer am Dagebau vun der Firma Cimalux tëscht Rëmeleng an Ëtteng (F), en Dagebau, dee just ganz seele fir de Public op ass.

 

Begrenzten Unzuel u Participanten – obligatoresch Umeldung


D’Unzuel u Participante bei de Manifestatiounen ass limitéiert. Duerfir musst dir iech onbedéngt am Virfeld umellen.

 

Fir bei den Evenementer vum Natur- & Geopark Mëllerdall dobäi ze sinn, kënnt dir hinnen uruffen (26 87 82 91-1) oder dir schéckt eng E-Mail (info@naturpark-mellerdall.lu).

 

Fir d’Evenementer vun der  Minett UNESCO Biosphere kënnt dir iech iwwert den Telefon 26 17 97 1 oder online  iwwer dëse Formulaire umellen.