Night Card Sud Kenns du de Minett? TUTTI FRUTTI
arrow
image

The Soil Cake Contest

Bakconcours fir Studenten

Date(s)

12/12/2022 12:00 - 14:00

Wien huet, wann en e Kuch gesinn huet, net schonn emol u Buedemhorizonter geduecht? De Buedem ass d'Grondlag fir eis Ernierung, an elo wäerten Liewensmëttel de Buedem formen!

Egal, wat s du studéiers oder wéi gutt dass du kache kann, profitéier vun der Geleeënheet däin Talent ënner Beweis ze stellen an dat bescht Konzept ze presenséieren, mat deem eng Analogie tëscht Buedem an Iesse gewise gëtt!

Studente vun der Universitéit Lëtzebuerg (och Erasmus-Austauschstudenten), déi sech fir d'Natur an Ëmweltschutz interesséieren, kënnen bei dësem Concours matmaachen. (Et kann een eleng oder am Grupp deelhuelen.)

Zil vum Concours ass et, e Bewosstsinn fir d'Bedeitung vu gesonde Biedem fir gesond Liewensmëttel an eng besser Ernierung ze schafen. D'Participanten hunn ausserdeem d'Chance op der offizieller Fotogalerie vum Weltbuedemfag, dee vun der Welternierungsorganisation (FAO) organiséiert gëtt, publizéiert ze ginn a flott Präiser ze gewannen.

Fir matzemaachen geet et duer, op de Link hei ze klicken an de Formulaire auszefëllen. Et brauch een eng Iddi fir e Kuch, dee muss gebak ginn an de 5. Dezember mat op d'Uni bruecht ginn, datt en do ka geschmaacht ginn. Sur place muss dann och d'Iddi hannert dengem Kuch erkläre kënnen, datt de Jury dech bewäerte kann.

Am Laf vun der Mnaifestatioun komme Leit laanscht, déi schmaachen, nolauschteren an bewäerten. All Participante kritt dräi Notten: eng fir d'Kreativitéit, eng fir d'Konzept an eng fir de Goût. Wien um Schluss déi héchste Punktzuel huet gewënnt.

Net vergiessen: D'Rezept muss net komplizéiert sinn und de Kuch ka séiss oder salzeg sinn.

Wie matmécht ka sech och beim internationalen "Soil Cake Conteste" vun der FAO umellen. Duerfir muss e weidere Formulaire ausgefëllt ginn, deen d'Participanten no der Aschreiwung vun eis geschéckt kréien.