Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
image
Natur & Wëssenschaft

Op de Spuere vun der Bëschléierchen

MiNELL - Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab Workshop

Datum(er)

30/03/2025 09:00 - 12:00

Dir hutt villäicht schonn emol vun der Bëschléierchen héieren, eisem emblematesche Vull aus de Minetter Dagebaugebidder. Mee Dir hutt si nach ni gesinn oder héieren?

Hei ass Är Geleeënheet un engem klenge Spadséiergang (± 5km) um Lallengerbierg, dem Haaptbruttgebitt vun dësem Vull zu Lëtzebuerg, deelzehuelen.

Entdeckt d’Bëschléierchen, hir Liewensraim an d’Aktiounen, déi ëmgesat ginn, fir dëse sympatheschen Awunner aus de Kärzone vun der Minett Unesco Biosphär ze schützen an ze fërderen.

Bréngt eng Spektiv mat, wann Dir eng hutt an denkt u fest Schong a Kleeder, déi dem Wieder ugepasst sinn.

Expär: Jan Herr (Biolog & Gestionnaire vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebaugebitter)

Sproochen: LU & FR

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 26 17 97 1

E-mail: minell@minett-biosphere.com

Internet: https://minett-biosphere.com/

Free workshop upon inscription!

Click here to register for the workshop!

Organisateur

Minett UNESCO Biosphere

Partager