
Weiderbildung & Konferenzen
Mooser: Onscheinbar, awer wichteg Biodiversitéitspionnéier
MiNELL NaturLab Atelier
Date(s)
Zil:
Mooser gehéieren zu den éischten, déi all méiglech ökologesch Nischen besetze kënnen. Si sinn e wichtege Faktor beim Entstoe vun neie Liewensraim fir Déieren a Planzen. Verschidde wichteg, an un hire Liewensraum ugepasste Mooser, ginn, ënnert der Lupp, um Terrain erfuerscht.
Beschreiwung:
Kuerz Aféierung an d’Biologie an d’Ökologie vun de Mooser am Naturschutzzentrum Ellergronn. D’Haaptmierkmoler vun de verschiddenen Zorte gi presentéiert a kënnen ënnert der Spektiv observéiert ginn. Duerno Ausfluch am Ellegronn mat Decouverte vun de wichtegsten Habitater an hirer Moosflora.
Publikum:
Erwuessener, bitt sech un als „formation continue“ fir Léierpersonal an Natur- oder Ëmweltpedagogen. Op Demande och fir Ofschlossklassen vun naturwëssenschaftleche Sektioun vu Lycéeën
Datum: Hierscht 2022 - no Ofsprooch
Durée: 4 Stonnen
Sprooche vum Atelier: Lëtzebuergesch, Däitsch
Information de contact pour cet événement
Téléphone: +352 26 17 97 1
E-mail: minell@minett-biosphere.com
Organisateur
Minett UNESCO Biosphere; Atelier fir Ekologie a Moosfuerschung