Au Goût Du Terroir MINETTER SCHOF TUTTI FRUTTI
arrow
image
Weiderbildung & Konferenzen

IFEN Formatioun: MiNELL NaturLAB

Champignonen entdecken fir de Cycle 4

Date(s)

27/09/2022 13:30 - 16:30

Champignonen (Fungi oder Funga) sinn eng grouss Grupp vun Organismen, déi zueleméisseg d’Planze bäi Wäitem ausstiechen. Vum Recycling vun organescher Matière bis zu Liewensmëttel, déi mir consomméieren, spille se eng essentiell Roll fir d’Liewen op der Äerd. Dacks si se awer nach onbekannt a maachen deels Angscht. Se kënnen een awer och duerch hir vill Formen, Texturen a Faarwe begeeschteren. But vun der Formatioun ass et, den Interessi u Champignonen, déi mer dacks onbewosst an eiser Ëmgéigend gesinn, z‘erwäschen, zu engem Zäitpunkt, wou hir Habitater deels scho menacéiert sinn.

Dës Formatioun gëtt am Minett UNESCO Biosphärereservat organiséiert, dee Member am „Man and the Biosphere“‘ Programm vun der UNESCO ass an d’Erhale vun der Biodiversitéit an eng nohalteg Entwécklung vum Minett ënnerstëtzt.

Contenu:

- Basis vun der Mykologie: Definitioun vu Spezifizitéite vun de Champignonen; Liewensweis, Substrater, Liewensraim; morphologesche Villfalt; Ökosystemfunktiounen.

- Iwwerbléck iwwer d’Charakteristike vun den heefegste Gruppen an Aarten.

- Dokumentatiounsquellen.

Approche méthodologique:

Exposé am Klassesall, illustréiert duerch visuell Projektiounen, Modeller a frësch Exemplairen mat uschléissender Sortie op den Terrain.

Formateuren:

Liliane Chillon-Masselter, Jerry Thorn, Mike Clemens, Joris Kadok, Marie Garnier-Delcourt : mycologues naturalistes de terrain, membres du Groupe de recherche mycologique de la Société des naturalistes luxembourgeois, collaborateurs scientifiques du MNHN p. p.