2️⃣0️⃣2️⃣5️⃣ an der Minett Biosphere
Zënter fënnef Joer ass eis Regioun als Minett UNESCO Biosphere Deel vum prestigiéisen UNESCO-Netzwierk “Man and the Biosphere” (MAB) ass. Dësen Anniversaire gouf den 28. Oktober zu Lasauvage a Presenz vum Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, gefeiert, wat e Moment war fir houfreg an dankbar op déi éischt fënnef Joer vum Minett als UNESCO-Biosphärereservat zréckzekucken an och e Bléck no vir ze geheien, op déi Erausfuerderungen a Projeten, déi an den nächste Joren op déi 11 Gemengen aus dem Südweste vum Land duerkommen.
Dëse Joresréckbléck, dee mir hei presentéieren, beliicht d’Aarbecht vun der Ekipp vun der Minett Biosphere a véier wichtege Beräicher gemaach huet.
Éischtens, déi regional Entwécklung, e wesentleche Pilier fir en nohaltegen an equilibréierten Territoire ze gestalten. Zweetens, déi international Zesummenaarbecht, déi den Wëssensaustausch an d’Partnerschaften iwwer d’Grenzen eraus stäerkt. D’Ënnerstëtzung vun der lokaler Produktioun an den Erhalt vun der Biodiversitéit an eiser Regioun sinn e weidert Gebitt, an där d’Minett UNESCO Biosphere aktiv ass. An zu gudder Lescht zielt och déi regional Promotioun zu eisen Aufgaben. Hei geet et eis drëm déi eenzegaarteg Identitéit vum Minett no baussen ze droen, wat mir an dësem Joer intensiv mam Podcast .
Op de Säiten hei ënnendrënner kënnt Dir Iech selwer e Bild maachen, wéi d’Minett UNESCO Biosphere – an domat déi 11 Gemengen aus dem Syndicat PRO-SUD, vun deem d’Biosphärereservat geréiert gëtt, duerfir schaffen de Mënsch an d’Natur harmonesch matenee fir eng gemeinsam Zukunft ze verbannen.
Territorial Entwécklung
|
Internationaalt Engagement
|
Lokal Produiten a Biodiversitéit |
Regional Promotioun |



