De SudTEC Programm fir d’Schouljoer 2020/2021
Interessi u Wëssenschaft, Technologie an Nohaltegkeet erwächen
De SUDTEC-Programm 2021 offréiert eng ganz Rei vu Workshoppe fir Kanner aus der Südregioun, déi an der Grondschoul sinn. Zil ass et se op eng spilleresch Manéier fir technesch a wëssenschaftlech Sujeten ze begeeschteren.
Tëscht Januar a Juli 2021 bidde mir, zesumme mat eisen 12 Partner, verschidden Aktivitéite fir d’Zyklen 1 bis 4 un.
D’Aschreiwunge lafe vum 25. September 2020.
De leschten Datum fir eng Klass anzeschreiwen ass de 25.10.2020.
DOWNLOAD : Programme SUDTEC 2021
SUDTEC – Eng Zesummenaarbecht vum PRO-SUD, der Universitéit Lëtzebuerg an anere Partner.
6 nei Ateliere fir 2021
SudTEC – Wourëms geet et?
SudTEC ass e regionale Programm, dee probéiert de Schüler aus der Südregioun op eng spilleresch Manéier technesch a wëssenschaftlech Sujete méi no ze bréngen. Esou soll hinnen den Accès zu techneschen an naturwëssenschaftleche Fächer méi einfach gemaach ginn an och an engems hiren Interêt, fir eng Karriär als Ingenieur, Informatiker oder Handwierker ze maachen, gekëddelt ginn.
Eis Ziler:
- Kanner a Jugendlecher fir d’Wëssenschaft begeeschteren
- Teamgeescht entwéckelen
- Kanner a Jonker motivéiere komplex Aufgabe mat kreative Solutiounen ze léisen
Fir d’Passioun vun de Schülerinnen a Schüler aus der Südregioun fir Wëssenschaft an Technik z’erwächen, bitt de PRO-SUD, a Kollaboratioun mat der Uni Lëtzebuerg am Schouljoer 2020/21 eng ganz Rei vu Workshoppe fir déi verschidden Zyklen a Klassen un.
De Programm 2021