ROCKLINES TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

MiNELL

 

 

MiNELL (Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab) ass en NaturLabo, duerch dee mir en interaktive Programm vun Aktivitéiten op d’Been stelle wäerten. Aktivitéiten, bei deenen de Schutz vun der Biodiversitéit an d’Promotioun vun den Naturwëssenschaft, an de Mëttelpunkt gestallt ginn.

 

Am NaturLab ginn eng Rei Partner aus dem Beräich vun der hohalteger Erzéiung aus dem Land abezunn, wéi lokal Schoulen a naturwëssenschaftlech Experten. Et wäert awer och Zesummenaarbechte mam Projet Fuerschen dobaussen (FUDO) vum SCRIPT, dem Programm vun de Bildungslandschafte vun der UpFoundation, der Naturverwaltung (ANF) an dem ‘naturmusée’ (MNHN) ginn.

 

Dëst sinn eis Prioritéiten:

–   Vernetzung vun de regionalen Acteuren aus dem Beräich vun der Ëmwelterzéiung (“unir”);
–   Ëmwelterzéiung bei Pedagogen an dem breede Public bekannt maachen an hinnen d’Méiglechkeet ginn dat néidegt Wëssen an déi néideg Kompetenzen ze kréien, fir eis Ëmwelt ze schützen, z’erhalen an ze verbesseren (“former”);
–   Duerch divers Aktivitéiten d’Bierger encouragéiere fir nei Bezéiungen a Verhalensmuster vis-à-vis vum natierlechen Ierwe vun eisem Biosphärereservat opzebauen (“infuser”).

 

MiNELL entwéckelt zesumme mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) och en digitalen Aktivitéitspass entwéckelen, fir de Feedback vun den Notzer ze sammelen an d’Acquisitioun vu Wëssen duerch d’Aktivitéite moossen ze kënnen.

 

 

 

Vun elo un hutt dir d’Méiglechkeet iech bei den interaktiven Natur- a Wëssenschaftsateliere vum MiNELL anzeschreiwen, déi vun der Minett UNESCO Biosphere zesumme mat hire Partner organiséiert ginn:

 

 

 

MiNELL ass e Projet vun der Minett UNESCO Biosphere coordonéiert vu PRO-SUD, dem Gemengsyndikat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Schëffleng, Suessem.

 

 

 

KONSORTIUM:

 

 

 

FINANZÉIERT DUERCH: