ROCKLINES TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

Lokal Produiten

Well de Minett zum Biosphärereservat ernannt ginn ass, profitéiert d’Regioun elo vun engem besonnesch favorabele Kader, fir konkret Initiativen am Beräich vu nohaltegen a lokale Liewensmëttel opzestellen an ëmzesetzen.

 

© PRO-SUD – Visitt um Bio-Bauerenhaff vum Guy Arend

 

De PRO-SUD organiséiert dowéinst zesumme mat de Lëtzebuerger Naturparken an der Gemeng Käerjeng den AU GOÛT DU TERROIR, dee vum 30. September bis den 2. Oktober zu Käerjeng organiséiert gëtt. Dëse grousse Maart fir lokal Produiten, deen am Kader vun Esch2022 ass, bitt d’Geleeënheet Produzenten an Hiersteller, virun allem aus der Minett UNESCO Biosphere, déi sech Gedanken ëm d’Ëmwelt maachen, z’ënnerstëtzen.

 

Da sinn och d’Resultater vun der grousser Enquête iwwert d’Demande no lokale Liewensmëttel, déi tëscht Oktober 2020 a Mäerz 2021 realiséiert gouf, ewell publizéiert.

 

Dir fannt déi komplett Resultat hei: komplett Enquête (FR)

 

Mir schaffen och un enger kompletter Kaart vun de Bongerten an Uebstbeem aus dem 11 Gemenge vum Biosphärereservat. Dës Kaart kann da vu jidderengem genotzt ginn, fir an der Uebstsaison d’Uebst och plécken ze goen an esou aktiv eppes géint d’Verschwendung vu lokalen a qualitativ héichwäertege Liewensmëttel ze maachen.