Minett Mash-Up MINETTER SCHOF TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

EN DAG AN DER NATUR

Sonndeg, de 26. Juni 2022

 

vun 10:00 bis 17:00

 

am Ellergronn zu Esch/Uelzecht

 

Kommt laanscht an entdeckt den Ellergronn bei engem Spadséiergang, loosst är Kanner bastelen, entdeckt mat hinnen zesummen d’Déiere vum Bauerenhaff a verschidde sportlech Aktivitéiten.

 

Gitt méi gewuer iwwert d’Geschicht vum Site “Ellergronn”, den Naturschutz an den Naturschutzzentrum am Süde vu Lëtzebuerg an iwwert d’Minett UNESCO Biosphere.

 

Dotëscht kënnt dir iech mat engem gudde Maufel a bei engem gudden kille Gedrénks stäerken.

 

Loosst iech vun de Bands um Site an der eenzegaarteger Atmosphär vum Ellergronn ënnerhalen.