Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Zwee Deeg en Ëmwelt-Wëssenschaftler sinn

Ëmweltedukatioun um Terrain

Leschten Donneschdeg a Freideg, de 5. a 6. Januar, hu 16 engagéiert Jonker, am Alter tëscht 12 a 15 Joer, bei engem interaktiven Atelier vum Science Club vum ‘naturmusée‘ matgemaach, dee vun eisem wëssenschaftleche Stagiaire geleet gouf. Déi Jonk sollten esou, an der Praxis, méi iwwert déi natierlech Ëmwelt léieren.

Haaptzil vum Workshop war et, deene Jonke Wëssen ze vermëttelen an hinnen d’Wichtegkeet vun Ëmweltschutz an Ëmweltschutzmesurë méi no ze bréngen. Dat ass doduerch geschitt, datt déi Jugendlech, engersäits, geléiert hunn déi natierlech Ëmwelt, hir verschidde Beräicher an déi ënnerschiddlech ekologesch Gidder an Déngschtleeschtungen, déi se offréiert, ze valoriséieren an, anerersäits, doduerch, datt hinnen den déifgräifenden Impakt vun den Ëmweltzerstéierungen, fir déi de Mënsch responsabel ass, gewise goufen.

An den zwee Deeg vum Workshop hunn déi Jonk an d’Roll vun Ëmweltwëssenschaftler gespillt a sech op de Wee gemaach, déi natierlech Ëmwelt besser ze verstoen an erauszefannen, wéi d’Agrëff vum Mënsch dës veränneren.

Dag 1: Déi natierlech Ëmwelt verstoen

Um éischten hunn d’Participanten d’Ëmwelt ënnersicht, ouni op Beanträchtegungen oder Verännerungen anzegoen, fir besser ze verstoen, wéi d’Ëmwelt ënner natierleche Konditioune funktionéiert.

Duerfir ass fir d’éischt en 3D-Puzzle zesummegesat ginn an esou geléiert ginn, wéi déi verschiddene Kompartimenter (Loft, Waasser, Buedem a lieweg Organismen) déi natierlech Ëmwelt zesummesetzen. Duerno goung et op eng Wanderung vun annerhallwer Stonn duerch de Bësch am Ellergronn, wou ënnerwee eng Rëtsch Sujeten diskutéiert goufen. E puer vun dësen Theeme waren: d’Bedeitung vun Naturschutzgebitter, d’Interkonnektioun vun Ëmweltberäicher, déi ekologesch Funktioune vum Buedem an den Organismen, d’Ekologie vun de Séien a Séisystemer a villes méi. Den Dag ass mat zwee Buedemexperimenter op en Enn gaangen: Dat éischt sollt weisen, wéi stabil d’Bestanddeeler vum Buedem sinn an wéi dësen der Erosioun widderstoe kann (expérience de l’argile du sol), an dat zweet war duerfir geduecht d’Funktioune vum Buedem am Zesummenhang mat der Späicherung vu Waasser an Närstoffer kennen ze léieren.

Dag 2: Mënschlech Aflëss op d’Natur identifizéieren

Um zweeten Dag hunn déi Jugendlech d’Ëmwelt ënnersicht, andeems se eng Verännerung, déi duerch de Mënsch erbäigefouert gouf, mat an hir Analys integréiert hunn. Esou sollte si verstoen, wéi eist Handelen d’Natur op verschiddenen Niveauen negativ beaflosse kann.

Um Ufank vum Dag kruten déi Jonk eng kuerz Erklärung iwwert déi verschidden Zorte vu Buedempartikelen (Sand, Silt, Leem) an deenen hir Charakteristiken a punkto Gewiicht a Waasserduerchlässegkeet. Duerno hunn déi jonk 4 Experimenter gemaach, ugefaange mam Test vun der Textur vum Buedem am Glas. Nodeems si d’Undeeler vun de verschiddene Buedemdeeler an hire Prouwe bestëmmt a gemooss haten, hunn déi Participanten de relativen Undeel dovunner berechent an d’Zort vu Buedem iwwert seng Zesummesetzung identifizéiert. Am nächste Schratt si se méi gewuer ginn iwwert déi maximal Kapazitéit vum Buedem fir Verknaschtungen zeréckzehalen an iwwert d’Verdeele vu Verknaschtungen duerch Matricen (vum Waasser an d’Planzen, respektiv vum Waasser an d’Zellen). Den zweeten Dag vum interaktive Wëssenschaftsatelier ass mat enger Visitt vum Carreau Minier vun der aler Cockerills-Minn op en Enn gaangen an enger Aktivitéit bei där d’Auswierkungen op d’Ëmwelt duerch d’Minnenaktivitéit op déi verschidde Kompartimenter, déi eis Ëmwelt zesummesetzen, kartographéiert goufen.

Déi erreechte Léierziler

An den zwee Deeg vum Workshop hunn déi Jugendlech duerch aktiv Diskussiounen, geziilt Beobachtungen an Experimenter vill iwwert eis Ëmwelt geléiert. Se si gewuer ginn, wéi eng Bedeitung d’Ënnersiche vun enger ongestéierter natierlecher Ëmwelt huet, kruten de Wäert vu hire Gidder an Déngschtleeschtungen erkläert, si gewuer ginn, wéi sech eis natierlech Ëmwelt a verschidde Beräicher opdeele léisst an hunn d’Vernetzung tëscht dëse Beräicher esou wéi d’Auswierkungen op d’Ëmwelt duerch extern Agrëffer kennegeléiert. Hei goung et drëms, deene Jonken ze weise wéi en Impakt mënschlech Aktiounen op d’Kapazitéite vum Buedem a punkto Späicherung vu Waasser an Närstoffer, mä och an der Kapazitéit Knascht ze filtere kann hunn. Doriwwer eraus kruten d’Participante vum Workshop gewisen, wéi wichteg Aarbechtsorganisatioun, Teamwork sinn a wéi ee sech bei der Léisung vun engem wëssenschaftleche Problem berode loosse kann.

Photogallerie