Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Zesummenaarbecht iwwert d’Grenzen eraus

De Méindeg, 12. Dezember 2022, koume politesch Vertrieder vun de PRO-SUD Gemengen an dem Pôle Metropolitain Frontalier Nord Lorrain (PMF) am Sëtzungssall vum Escher Stadhaus fir eng éischt gemeinsam politesch Renconter zesummen.

De But vun dëser Reunioun war et eng Basis fir grenziwwerschreidend Kollaboratiounen ze schafen, dëst virop am Beräich vun der Mobilitéit. En éischt Schrëtt vum PRO-SUD, dem PMF an dem GECT Alzette-Belval fir iwwer d’Landesgrenzen eraus zesummen ze schaffen, ass net méi spéit ewéi leschte Freideg vun der Europäescher Kommissioun ugeholl ginn. Déi lëtzebuergesch-franséisch Grenzregioun hat hir Kandidatur gestallt, fir bei enger Pilotaktioun fir Multi-Level-Governance a gemeinsam entwéckelt cross-border Strategien dobäi ze sinn. No der Evaluatioun, déi zu Bréissel gemaach gouf, gouf decidéiert dës Kandidatur z’akzeptéieren. Domat gëtt d’Regioun vum PRO-SUD, dem GECT Alzette-Belval an dem PMG eng vu fënnef Pilotregiounen, déi vun der OECD ënnerstëtzt ginn. D’Ëmsetze vun dëser Pilotaktioun start mat enger éischter Reunioun de 25. Januar 2023 zu Bréissel.

Nieft der Mobilitéit gëtt et awer och an anere Beräicher Potential fir regional Zesummenzeschaffen. Dëst ass virun allem wouer fir d’Beräicher Kultur, Gesondheet an Educatioun. Eng weider Renconter, fir konkret Schrëtt vun enger Zesummenaarbecht iwwert d’Grenzen eraus ze definéieren an ze starten, gouf fir Enn Mäerz 2023 zu Lonkech fixéiert.