Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Vum Apel bis bei d’Kiwi

Responsabelt plécken encouragéieren

Déi zweet Editioun vun der Aktioun “Gielt Band – Hei dierft Dir plécken” gouf e Mëttwoch, de 27. Abrëll 2022, vum Landwirtschaftsminister Claude Haagen an dem Emile Eicher, Präsident vum SYVICOL, lancéiert.

D’Pressekonferenz war an engem Bongert vun der Minett UNESCO Biosphere zu Schëffleng.

E Pilotprojet am Süden: Tutti Frutti

Bei dëser Geleeënheet ass och de Projet Tutti Frutti, dee vum Gemengesyndikat PRO-SUD erstallt a vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt gouf, vum Schëfflenger Buergermeeschter Paul Weimerskirch, Member am Kommitee vum PRO-SUD, presentéiert ginn. Am Laf vum leschte Joer sinn, mat der Ënnerstëtzung duerch d’Gemengeverwaltungen, déi fräi accessibel kommunal Bongerten erfaasst an duerno kartographéiert ginn. D’Webkaart, déi esou entstanen ass, soll dat fräit a gratis Asammele vum Uebst fërderen, fir esou de Gaspillage vun dëse lokale Liewensmëttel ze verhënneren.

Bal 75 ëffentlech Bongerten an der Minett UNESCO Biosphere

Op eiser Webkaart fannt Dir bal 75 kommunal Bongerten, an déi dir vu Mee bis Oktober kënnt goen, jee nodeem wéi en Uebst dir gratis sammelen oder plécke wëllt. Fir Ofwiesslung ass iwwerdeems gesuergt! Op den iwwer 2600 gezielte Beem an Hecken si 17 verschidden Uebstzorten ze fannen. Am heefegste vertruede sinn d’Äppel (35%), virun de Bieren (16,5%), Quetschen (10,7%) an de Kiischten (10,3%).

Plaze vun der Biodiversitéit fir de Kontakt tëscht Mënsch an Natur nees hierzestellen

Promotioun fir dës fräi zougänglech Bongerte beim breede Public ze maachen, ass och e Moyen, fir iwwer lokal Produiten, de Respekt vun der Saisonalitéit an den Afloss vum Wieder op d’Produktioun ze schwätzen. All dës Iddie féieren dozou, datt d’Natur respektéiert a besser verstane ka ginn. Aus deem Grond wiere mir och frou, wann dir de Verhalenskodex fir ze plécken an eise Bongerte géift respektéieren.

Mir wënschen iech elo scho vill Spaass beim Plécken a Genéissen am Laf vun den nächste Méint!