Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Vernetzt fetzt!

Invitatioun op de Jugendforum vun den däitschsproochege Biosphärenreservater an de Pfälzerwald!

Loscht op Vernetzung a Participatioun a Biosphärenreservater? Jonk Engagéierter aus der Minett UNESCO Biosphere an dem Recht vum Land sinn invitéiert op eng däitschsproocheg Renconter an de Pfälzerwald!

Jonk Erwuessener am Alter vun 18 bis 25 Joer kënnen sech bis de 16. Juli 2023 umelle fir beim „MAB Jugendforum Biosphärenreservate 2023“ vum 22.-25. September 2023 am UNESCO-Biosphärenreservat Pfälzerwald-Nordvogesen dobäi ze sinn. Déi warscheinlech 60 Participanten aus 18 däitsche Biosphärereservater a Biosphären aus den däitschsproochege Länner erwaart en ofwiesslungsräiche Programm ronderëm de Sujet Participatioun an Networking. Fir Jonker aus dem däitschsproochegen Ausland ass d’Participatioun gratis. Just Hebergement, Verfleegung an d’Rees dohin an zeréck musse selwer finanzéiert ginn. Fir méi Informatioune kënnt Dir eis zu all Abléck iwwer E-Mail kontaktéieren.

A verschiddene Formater a mat diverse Methode gi Froen diskutéiert a beschafft: Wéi kënne Jonker hiert Biosphärereservat aktiv matgestalten? Wéi kënne mir eng iwwerregional Vernetzung vu jonke Mënschen zu de Biosphärereservater stäerken? Zesumme mat Vertriederinnen a Vertrieder aus den däitsche Biosphärereservater ginn doriwwer eraus konkret Iddien a Participatiounsméiglechkeete fir jonk Erwuessener entwéckelt.

D’Participante verbréngen e verlängerte Weekend bei engem Bildungs-Partnerbetrib vum Biosphärereservat. Um Programm stinn Atelieren, Best-Practice-Beispiller fir Jugendparticipatioun, Ausflich, Wanderungen, géigesäiteg Inspiratioun, Owenter ronderëm e Lagerfeier, Musek a villes méi. Nom Jugendforum besteet d’Méiglechkeet, e Léier- an Networkingopenthalt an engem däitsche Biosphärereservat ze maachen. Duerfir sti Fongen zur Dispositioun.

Interesséierter fanne méi Informatiounen iwwert de MAB Jugendforum Biosphärenreservate 2023 op dëser Websäit. Do kann ee sech och elo online umellen. Dir kritt awer och weider Informatiounen, wann Dir eis iwwer Mail kontaktéiert.

Hannergronn vun de MAB Jugendforen:

MAB – Man and the Biosphere“ ass e Programm vun der UNESCO fir d’Erfuerschen an d’Verbesser vun de Relatiounen tëscht Mënsch an Natur. Ëmgesat gëtt et duerch dat globaalt Netzwierk vun de Biosphärereservater, Modellregioune fir d’Verbanne vun nohalteger Entwécklung an Naturschutz.

D’Zil vun de Jugendfore vum MAB-Programm ass et, engagéiert jonk Erwuessener aus de Biosphärereservater ze vernetzen, hir Identifikatioun mat Biosphärereservater ze stäerken, hir Motivatioun fir Engagement z’ënnerstëtzen, se weiderzebilden an hinnen eng Stëmm ze ginn. Jonk Mënschen, déi a Biosphärereservater liewen a schaffen, sollen encouragéiert ginn, selwer aktiv eppes fir déi nohalteg Entwécklung vun “hirem” Biosphärereservat an dem Weltnetz vu Biosphärereservater ze maachen.

Den éischten internationale MAB Jugendforum war 2017 am Biosphärereservat Po-Delta (Italien). Zënter hier gi weltwäit MAB Jugendforen organiséiert. 2019 an 2021 waren déi zwee éischt däitschsproocheg Jugendforen an de Biosphärereservater Rhön a Schwäbische Alb.

Lëtzebuerger bei Jugendforen

Beim Forum am Biosphärengebitt Schwäbische Alb war d’Minett UNESCO Biosphere duerch d’Hana Prosser vertrueden. Nom Hana senger Participatioun hu mir, mat him zesummen, well hatt e Joer laang e Volontariat bei eis gemaach huet, d’Konzept fir den éischte Jugendforum zu Lëtzebuerg. Dee war am Abrëll 2022 zu Lasauvage a Präsenz vu Jonken aus dem Grand-Duché, Däitschland an Italien.

Am Summer ass elo den zweete Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere. Vum 12. bis de 16. Juli 2023 begéine sech jonk Engagéierter aus dem Lëtzebuerg, Däitschland, Schweden a Frankräich um Siège vun eiser Biosphär am Ellergronn zu Esch-Uelzecht. Fir Interesséierter aus Lëtzebuerg besteet nach d’Méiglechkeet sech op eis Liste d’attente fir eng Participatioun anzeschreiwen.