Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Vëlosfrëndleche Süden?

 

Ob de Lëtzebuerger Süden, also den Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere, vëlosfrëndlech ass oder net, dat ass eng Fro, déi sech de Syndicat PRO-SUD schonn am Joer 2018 gestallt huet. Fir eng Äntwert op dës Fro ze kréien ass deemools eng grouss „Étude de cyclabilité“ um Territoire vun den 11 Gemengen duerchgefouert ginn. 

An dëser Etüd sinn existent Vëlosweeër katalogiséiert ginn. Se goufe klasséiert a Weeër, ouni Autosverkéier, Weeër, déi ouni Probleem mat Vëlo kënne geholl ginn, Weeër, wou just experimentéiert Cycliste sollten ënnerwee sinn a Weeër, déi sech am Fong net eegne fir mat engem Vëlo driwwer ze fueren. Nieft der Bestandsopnam gouf deemools awer och gekuckt, wou Verbindungen am Netz vun de Vëlosweeër feelen an eng Prioritéitelëscht fir d’Verbesserung vum Vëlospistereseau fir d’Gemengen erstallt.

Etat des lieux

Fënnef Joer méi spéit ass et un der Zäit ze kucken, ob a wéi Mesurë getraff goufen, fir d’Benotze vum Vëlo um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere nach méi einfach a méi sécher ze maachen. Dat geet am Beschten, wann een op den Terrain geet an déi eenzel Weeër a Pisten, déi an der Etüd analyséiert goufen, mam Vëlo offiert.

Dat mécht dëse Summer den Tim Eastwood. Den Tim studéiert Geographie zu Innsbruck a mécht am Kader vu sengem Master an der Humangeographie säi Stage bei der Minett UNESCO Biosphere. Zënter e puer Wochen ass hien elo queesch duerch déi 11 Gemengen ënnerwee. Fir seng Parcourse benotzt hien deels en eegenen Elektrovëlo oder d’Vël’OKen, déi een, ausser an de Gemenge Péiteng a Käerjeng, iwwerall am Minett léine kann.

Dem Tim seng Aufgab ass et awer net nëmme mam Vëlo ze fueren, mä och mat deenen eelef Gemengen eenzel ze kucke wéi se d’Etüd vun 2018 ëmgesat hunn oder nach virun ëmsetze wäerten a wéi dës Etüd hinne gehollef huet beim Plange vun neien Infrastrukture fir déi aktiv Mobilitéit.

Vëlodukt net erfaasst

Am Dezember ass e wichtege Baustee vun der doucer Mobilitéit am Süde vu Lëtzebuerg a Betrib geholl ginn. De Vëlodukt, deen den Zentrum vun Esch mam Universitéitsquartier Belval verbënnt, ass ronn 1,5 Kilometer laang an erlaabt eng direkt a sécher Connectioun tëscht der Stad an hirem neie Quartier. Dëse Bausteen ass awer nach net an den internationale Mobilitéitsportaler, -kaarten an -Apps ze fannen. Den Tim Eastwood konstatéiert: „Wann ech meng Route vun Esch an d’Rockhal aginn, da ginn ech duerch vill kleng Stroosse gefouert, awer net iwwert déi nei Bréck!“ Verbesserunge vun der Infrastruktur musse mam breede Publikum gedeelt ginn, mengt de Student, well se soss just vu Leit ka benotzt ginn, déi wëssen, datt se existéiert. National ass de Vëlodukt allerdéngs erfaasst. Als Deel vum nationale Vëloswee 8 fënnt een den Tracé vun der neier Konstruktioun am Geoportail.

En anere wichtege Punkt fir den Tim ass et wärend sengem Stage ze kucken, wéi einfach et ass fir mam Vëlo bis bei, respektiv bis an den ëffentlechen Transport ze kommen. Nach net all Gare am Süden ass komplett vëlosfrëndlech. Dat geet vu feelenden Uschlëss vun der Gare un de Reseau vu Vëlosweeër bis bei Accèsen op d’Quaie wou et keng Ramp, mä just Trape gëtt. Dës Quaie si manner accessibel fir de Cyclist, virun allem wann e mat engem E-Bike ënnerwee ass, déi gären emol ëm déi 30 Kilo weie kënnen.

Bis Mëtt Juli ass den Tim virun an den eelef Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a liwwert eis sécher Pisten, wat an den nächste Jore konkret un der Verbesserung vun der Vëlosinfrastruktur nach ka gemaach ginn.

© Minett UNESCO Biosphere / Yann Logelin