Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Tutti Frutti: Loscht op frësch a gratis Kiischten?

No deem sonnegen a waarme Mee sinn déi éischt Kiischten zeideg.

Verdeelt duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere gëtt et ëffentlech Bongerten, déi de Gemenge selwer gehéieren. Dës sinn net just fräi accessibel, hei däerf een d’Uebst esouguer vun de Beem plécken.

Déi éischt Friichten, déi elo zeideg ginn, sinn d’Kiischten a Kiischtebeem fënnt een an enger Rëtsch Gemengebongerten.

Duerch e Klick op d’Kaart hei ënnendrënner, geet eng Onlinekaart op, op där all déi fräi accessibel Bongerten aus der Regioun ze gesi sinn. Wann een elo d’Kiischtesymbol selektionéiert, da kann een op der Kaart gesinn, wou genee Kiischten ze fanne sinn.

D‘Kiischt – säfteg a séiss oder sauer

Déi wëll Kiischte sinn zënter der Steenzäit an Asien an Europa bekannt. Déi aktuell Form vun de kultivéierte Kiischte kënnt aus der Regioun vum Schwaarze Mier an huet schon zu Zäite vun de Réimer de Wee a Mëtteleuropa fonnt. Kiischte gehéieren zu de Rousegewächser a si Steenuebst.

D’Fruucht wiisst op engem Bam, dee bis zu 20 Meter héich ka ginn an deem seng Äscht wäit ausenee stinn. Déi ronn 15 Zentimeter laang Blieder vum Kiischtebam sinn oval an um Bord geseet.

Gutt ze wëssen

Kiischte räifen net no. Se hale sech ee bis zwee Deeg am Frigo, am beschten an enger Plastikstut. Wäsche sollt een d’Kiischten eréischt dann, wann een se och iesse wëll, well se soss séier kënne faulen. Et ass deemno net vu Muttwëll net méi Kiischten ze plécken ewéi een der grad brauch.

Tuyaue fir richteg am Bongert ze plécken

Jiddereen, dee vun der gratis Offer u frëschem Uebst an den ëffentleche Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere profitéiere wëll, ass gebiede sech un dës kleng Verhalenscharta ze halen:

  • Ech klammen net op de Bam a benotze keng Leeder.
  • Ech beschiedegen de Bam an aner Planzen net.
  • Ech verkafen d’Uebst, wat ech gepléckt hunn, net.
  • Ech plécke just déi Quantitéit, déi ech brauch.
  • Ech blockéieren den Accès an de Bongert net.
  • Ech plécken ënnert menger eegener Responsabilitéit.
  • Ech brénge Kierf mat, fir d’Friichten ze transportéieren.