Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Réckbléck op „En Dag an der Natur“

 

No enger Annulatioun virun zwee Joer an enger reduzéierter Editioun vum Dag an der Natur“ am leschte Joer, konnt dat grousst Familljefest am gréngen Häerz vun der Stad Esch gëscht nees normal gefeiert ginn.

Och de groen Himmel an den zäitweis, liichte Reen hunn d’Leit net dovunner ofgehalen op d’Fest an den Naturschutzzentrum Ellergronn, wou jo och de Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere ze fannen ass, ze kommen an déi vill Atelieren an Informatiounsstänn ze besichen.

De Wee vum Parking an den Naturschutzzentrum konnt bequeem mat der Päerdskutsch gemaach ginn an um Site vun der Naturverwaltung konnt ee sech gutt ameséieren. Iwwer 30 Stänn haten de Wee an den Ellergronn fonnt – vu Fairtrade iwwert den Escher Geméisguart bis bei de Klimapuzzle oder Holzbrenn- a Broutbakworkshops war alles gebueden.

 

Ouverture vun neier permanenter Ausstellung am Naturschutzzentrum

Nieft den Aktivitéite fir Grouss a Kleng war gëschter Moien dann och d’Aweiung vun der neier permanenter Ausstellung am Naturschutzzentrum vum Süden. A Presenz vum stellvertriedenden Direkter vun der Naturverwaltung (ANF), Frank Wolff, an der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, gouf den éischten Deel vun der Expo ronderëm den Anthropozän virgestallt.

An dëser Ausstellung gi mat groussen Illustratiounen, déi iwwert déi ganz Héicht vun de Mauere vun der aler Ateliershal vun der Mine Cockerill ginn, Fakten, Zuelen a Grafike ronderëm de Klimachangement, d’Ressourceverschwendung an aner Agrëff vun der Mënschheet an d’Ökosystemer vun eiser Äerd visualiséiert.

 

Den zweeten Deel vun der Ausstellung, dee vum Hierscht un um éischte Stack vun der Hal ze gesi wäert sinn, wäert sech da mat konkreten Aktioune fir de Schutz vun der Natur oder den natierleche Ressourcen an den Erhalt oder d’Rekreatioun vu bedreete Biotope beschäftegen.

D’Deeg an der Natur: e grousse Succès

Mam grousse Familljefest si gëschter d’Deeg ab der Natur am Ellergronn op en Enn gaangen. Lassgaange ware se leschte Mëttwoch mat engem Workshop fir Salariéë vu ronn 10 Entreprisen. E Freideg goungen se du viru mat der Visitt vun iwwer 100 Schüler aus den 11 Membergemenge vun der Minett UNESCO Biosphere am Ellergronn, déi mat 8 verschiddenen Atelieren en Abléck an d’Eenzegaartegkeet vun der Natur vun eisem Biosphärereservat kruten. No der grousser Begeeschterung op deenen 3 Deeg steet enger Neioplo vun den Deeg an der Natur am nächste Juni bestëmmt näischt am Wee.