Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Nei Saison vum Beetebuerger Park

Dëse Samschdeg, de 25. Mäerz, mécht de Beetebuerger Park, no der Wanterpaus, seng Dieren fir déi nei Saison nees op an dat wéi gewinnt fir déi ganz Famill. Alles, wat een aus de leschte Joren aus dem Märchepark kennt, ass och dëst Joer nees prett, fir Kleng a Grouss ze begeeschteren. De Wanter iwwer ass awer och konkret am Park geschafft ginn. D’Haaptneiegkeet ass sécher d’Kabaische vum Minett Trail.

Kabaischen, neien Aquarium an eng Aktivitéit ronderëm d’Bei

De Beetebuerger Park läit op engem Start- oder Endpunkt vum 90 Kilometer laange Wanderwee. Iwwert dee Wee sinn déi 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere matenee verbonnen a genee hei kann een elo och iwwernuechten, erkläert de Marc Neu, Direkter vum Park.

Marc Neu, Direkter vum Beetebuerger Park, iwwert d’Neiegkeete fir 2023

D’Kabaischen, déi am Beräich vun der Haaptentrée vum Beetebuerger Park ze fannen ass, steet am Zeeche vum Renert. De Renert, d’Haaptwierk vum Lëtzebuerger Auteur Michel Rodange, huet doduerch och seng fest Plaz am 25 Hektar grousse Park kritt mat engem eegene Märche fir d’Kanner.

Mä och soss ass an de Wanterméint vill geschitt. Aus dem Enclos vun den Nuesebieren ass en neit Geheg gi fir d’Visayas-Pustelschwäin. Dëst ass eng Zort Wëllschwäi vun de Philippinnen. De Beetebuerger Park ass zwar virun allem e Märercherspark, mä zënter Joren och en agreéierten Zoo, am Netz vun den europäeschen Déiereparken. Esou war et fir den Direkter Marc Neu och logesch virun an d’Liewensberäicher vun den Déieren z’investéieren. Nieft dem neie Geheg fir d’Visayas-Pustelschwäin ass am Amazonas-Haus och en neie Mierwaasseraquarium gebaut ginn, dee pénktlech fir d’Ouverture dëse Weekend opgoe kann. Zwee weider Projeten sollen am Laf vun der Saison opgoen a sech op pedagogesch Manéier mat de Rechter vun de Fraen an de Beien befaassen.

De Ris schnaarcht erëm

Haaptattraktioun vum Beetebuerger Park ass a bleift awer de Ris, deen elo schonn esou laang am Beetebuerger Park läit, wéi et dëse Park gëtt. Esch2022 an de Projet vun der BD „De Ris geet op d’Rees“ hunn et de Bedreiwer vum Park, an enker Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beetebuerg, erméiglecht de Ris nees nei ze valoriséieren, seet de Marc Neu:

Marc Neu, Direkter vum Park, iwwert de Ris, deen op d’Rees geet

Z’entdecken an deem Kontext ass och den Theemewee mam Beetebuerger Ris, deen iwwer 10 Kilometer geet an duerch all d’Uertschafte vun der Gemeng mat zousätzlechem virtuelle Contenu, deen een ënnerwee um Smartphone entdecke kann.

© Parc Merveilleux Bettembourg

Inclusioun grouss schreiwen

Nodeems d’Fondatioun APEMH Enn vun den 1990er de Park als Gestionnaire iwwerholl huet, ass et de Responsabele vum Park wichteg de Leit mat intellektuelle Beanträchtegungen op dëser Plaz Aarbecht kënnen ze bidden. Et si ronn 100 Leit, déi esou hei am Park hiert Liewe verdénge kënnen an et läit dem Park-Direkter Marc Neu um Häerz och an Zukunft dëse Kader virun ze developpéieren. D’Kabaische vum Minett Trail wier do eng flott Méiglechkeet fir nei Jobs ze kreéieren an Erfarung ze sammele fir méi e grousse Projet am Beräich vun der Hotellerie um Site vum Märchepark.

Marc Neu iwwer héich Präisser, d’APEMH an de Kontext vum Gîte

Wéi villen anere Strukturen och, maachen déi héich Energiepräisser an dat méi deiert Fudder fir d’Déieren, d’Aufgab vun der Direktioun vum Beetebuerger Park net méi einfach. Zil ass et um Enn vum Joer eng schwaarz Null an de Compte stoen ze hunn. Duerfir muss d’Saison, déi dëst Joer bis an den Oktober dauere soll, natierlech gutt lafen. Eng liicht Augmentatioun vum Präis vun den Entréestickete war fir 2023 onëmgänglech, de Park bleift präislech awer fir jiddereen accessibel a Kanner ënner 3 Joer kommen ëmmer nach gratis eran.

Minett Mash-Up aus dem Beetebuerger Park

De Freideg 31. Mäerz kënnt dir dann och den neien Episod vum Minett Mash-Up entdecken. Dësen ass an der Kabaische vum Beetebuerger Parc Merveilleux opgeholl ginn. Op Besuch ass dann de jonke Lëtzebuerger Auteur Maxime Weber, dee seng éischt Schrëtt an der Welt vun der Literatur iwwert de Prix Laurence zu Beetebuerg gemaach huet.