Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Moser: Diskret awer wichteg Pionéier vun der Biodiversitéit

Am Laf vun dësem Hierscht hutt Dir d’Méiglechkeet, mat dësem MiNELL Naturlab Atelier, an déi faszinant Welt vun der Lëtzebuergesche Mosen anzedauchen an eng Partie vun den iwwer 600 verschiddenen Zorte Mos, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, z’entdecken. Moser sinn dacks mat déi éischt Organismen, déi all méiglech ökologesch Nische besetze kënnen. Se sinn e wichteg Facteur beim Entsoe vun neie Liewensraim fir aner Planzen an Déieren.

Bei dësem Atelier geet et drëms, verschidde wichteg, an un hire Liewensraum ugepasste Moser, ënnert d’Lupp ze huelen an dës um Terrain z’erfuerschen.

Deroulement vum Atelier:

De véier Stonne laangen Atelier start mat enger kuerzer Introduktioun an d’Biologie an d’Ökologie vun de Moser. Dës gëtt am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert. Hei d‘Haaptcharakteristike vu verschiddenen Zorte presentéiert a kënnen och ënnert dem Mikroskop observéiert ginn. Duerno geet et eraus, an eent vun den Naturschutzgebitter vun der Minett UNESCO Biosphere, fir déi wichtegst Habitater an hir Mosflora z’entdecken an z’ënnersichen.

Dësen Atelier adresséiert sech virun allem un Erwuessener. E bitt sech awer och als „formation continue“ fir Léierpersonal vun Naturschoulen an Ëmweltpedagogen un. Op Nofro kann dës wëssenschaftlech Sortie och fir Ofschlossklasse vun den naturwëssenschaftleche Sektiounen aus dem Lycée proposéiert ginn.

Organiséiert gëtt d’Etüd vun der Moser dësen Hierscht op Demande. Dëse gratis Atelier, op Lëtzebuergesch an Däitsch, dauert ongeféier véier Stonnen. Fir méi Informatioune kontaktéiert eis gären um 26 17 97 1 oder mat engem Mail op: minell@minett-biosphere.com.

Als Preparatioun op dëse speziellen Atelier, deen Iech an eng dacks verstoppte Welt entféiert, kënnt Dir ënnert dësem Link den Atlas vun de Lëtzebuergesche Bryophyten eroflueden, deen 2011 vum ‘naturmusée‘ publizéiert gouf.