Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Mir si raus – Schoul dobaussen am Oktober

Fuerschen dobausse vum SCRIPT invitéiert d’Schüler aus der Grondschoul an hiert Léierpersonal am Oktober eraus an d’Natur fir de Kanner esou Rei Léieraktivitéiten z’offréieren, déi un de Plan d’études gebonne sinn.

An enger ganzer Rei Länner, dorënner och an eisen Nopeschlänner d’Belsch, Däitschland a Frankräich, gëtt schonn zënter Jore probéiert d’Schoul méi mam Liewen dobaussen ze verbannen. Duerfir gi Schoulklasse reegelméisseg aus hirem Klassesall eraus fir um Terrain Neies z’entdecken.

6 “Mir si raus!” Atelieren am Minett

De SCRIPT probéiert dat an dësem Hierscht och an d’Minett UNESCO Biosphere ass houfreg do kënnen dobäi ze sinn.

Ënnerwee mat de Minetter Schof

An der Woch an där d’Aktivitéite vu „Mir si raus!“ starten, proposéiere mir, zesumme mat der Naturverwaltung (ANF) an dem Ziichter, en Ausfluch bei d’Minetter Schof, déi zënter 20 Joer schonn an den Naturschutzgebitter vum Minett weeden. Hei ginn d’Kanner méi iwwert d’Aufgabe vum Schéifer gewuer, mä och iwwert d’Minetter Schof, déi zu enger Rass zielen, déi vum Ausstierwe bedréit ass. Dobäi kréien d’Kanner nach déi wichteg Roll erkläert, déi d’Minett Schof beim Erhalt vun der Biodiversitéit am Süde vu Lëtzebuerg ze spillen hunn.

Méi Informatiounen iwwert dës Aktivitéit fannt dir hei.

Komm mat an de Bësch

Fir Kanner aus dem Cycle 2 proposéiere mir, zesumme mam Haus vun der Natur, d’Aktivitéit „Komm mat an de Bësch“ wou Kanner spilleresch verschidde Beem a Planzen aus dem Bësch, hir Friichten an och Déieren aus dem Bësch kenneléieren. Et gëtt och Wäert drop geluecht, datt d’Kanner Zesummenhäng a Relatiounen tëscht Planzen an Déieren an eise Bëschlandschafte vum Süden aktiv selwer erschaffen. Dës pedagogesch Sortie zu Käl proposéiere mir direkt zwee Mol, den 19. Oktober an de 25. Oktober.

Mat Steng op Zäitrees

Mat Steng op Zäitrees goen, heescht och direkt zwee Mol am Mount Oktober. D’Steng aus dem Minett hu eng laang Geschicht a kënne vill verschidde Geschichten erzielen a weisen dat dacks duerch Fossilien, déi een an de Minettssteng ka fannen. Kanner aus de Cyclen 2, 3 oder 4 kënnen un dëser Sich no Zeien aus laang vergaangenen Zäiten aktiv matmaachen a méi iwwert d’Vergaangenheet vu Lëtzebuerger Süden an d’Biodiversitéit aus dem Zäitalter vum Jura léieren.

Dës Aktivitéit, déi zesumme mat der Naturverwaltung an der Stad Esch-Uelzecht organiséiert gëtt, ass den 12. Oktober an nach eng Kéier de 26. Oktober virgesinn.

Nolbeem entdecken

Fir den Ofschloss vun de „Mir si raus!“ Aktivitéite proposéiert d’Minett UNESCO Biosphere zesumme mat Sound Ecology dann nach en Ausfluch an de Rëmelenger Arboretum. Den 28. Oktober kann eng Klass aus dem Cycle 4 hei net just léiere wéi ee verschidden Nolbeel identifizéieren an ënnerscheede kann, mä och eng Kallektuffquell entdecken. De Mëllerdall ass bekannt fir dës Zort vu Quellen, mä och am Minett gëtt et esou eng Quell.

Natierlech ass d’Minett UNESCO Biosphere net deen eenzege Partner vum SCRIPT beim Programm „Mir si raus!“. Déi komplett Aktivitéiten aus dem ganze Land fannt Dir op dësem Website regruppéiert.