Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Sergio Carvalho+Pol Zimmermann X “Heure Bleue” Ellergronn

Fir dësen Episod vum Podcast, e spezielle Summer-Podcast, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad.

Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun vun der Heure Bleue, déi vum Kënschtler Dimitri Mallet an dem Architekt Sergio Carvalho gemeinsam realiséiert ginn ass.

De Sergio Carvalho war dann och ee vun eisen zwee Gäscht an dësem Episod. De Preposé vum Naturschutzzentrum Ellergronn, Pol Zimmermann, deen d’Minett Mash-Up Equipe an d’Gäscht, déi beim Enregistrement vun dësem Podcast dobäi waren, duerno och nach mat op en Trëppeltour vum Ellergronn op Rëmeleng geholl hat, war den zweete Gaascht.

D’Sujeten, iwwert déi geschwat goufen, ware villfälteg. Et goung riets iwwert d’Beruffer vum Architekt a vum Fierschter, et ass iwwert d‘“Heure Bleue“ als Projet an als spezielle Moment tëscht Dag an Nuecht geschwat ginn an och d’Spezifizitéite vum Site Ellergronn waren e Sujet am Gespréich, wat um Sonndeg, 17. Juli, am fréie Moien op der Bün vun der „Heure Bleue“ opgeholl ginn ass.

Eis „Minett Location“ vum Mount: Ellergronn

Den Ellergronn ass en 110 Hektar grousst Naturschutzgebitt direkt hannert den Trainingsterraine vum Futtballsveräin Jeunesse Esch. De fréie Minièressite, deen als eenzegen am ganze Land nach komplett erhalen ass, steet zënter Mäerz 1988 ënner Naturschutz a bitt de Visiteuren nieft enger permanenter Ausstellung am Naturschutzzentrum vun der ANF och d’Méiglechkeet de Musée vun de Minn Cockerill mat senger aussergewéinlecher „Salle des pendus“ besichen ze kënnen.

Eis Invitéen: Sergio Carvalho + Pol Zimmermann

De Sergio Carvalho ass Architekt. Hien huet zu Mailand a Bréissel studéiert an ass zënter 2013 Partner am Architektebüro 2001. Scho wärend sengem Studium huet hie sech fir Zeenographie, Museographie an nohaltegt Bauen interesséiert. Dës 3 Interessien hunn him beim Ëmsetze vum Projet „Heure Bleue“ am Kader vun Esch2022 gehollef,. Dëse Projet huet den Architekt zesumme mam Kënschtler Dimitri Mallet am Ellergronn realiséiert.

De Pol Zimmermann ass Fierschter a Preposé vum Naturschutzzentrum Ellergronn. De Pol ass e richtege Minettsdapp, deen no senger Formatioun op der Akerbauschoul elo ewell zënter 8 Joer Fierschter zu Esch ass a sech hei net just nieft ëm d’Staatsbëscher am Ellergronn, mä och ëm d’Gemengebëscher vun der Stad Esch an ëm Bëscher, déi am Besëtz vun Arcelor-Mittal sinn. Hie geréiert awer och den Naturschutzzentrum Ellergronn am deem, iwwert dat ganzt Joer gekuckt, honnerte Schoulklassen Natur an Ëmweltschutz méi no bruecht kréien.

Sujeten an dësem Episod:

  • Heure Bleue – Kënschtleresche Projet am Kader vum Esch2022 – europäesch Kulturhaaptstad
  • Heure Bleue – Iwwergang tëscht Dag an Nuecht an der fräier Natur
  • Carrée Rotondes – Kulturinstitutioun an der Stad Lëtzebuerg, déi am Joer 2007 beim deemolege Kulturjoer geschafe gouf
  • Beyouthsphere Youth Forum – Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere am Abrëll zu Lasauvage
  • Heenzebierg Weier – E Weier um Gebitt vum Naturschutzgebitt Ellergronn
  • Liegeois Weier – E weidere Weier an der Naturschutzzon Ellergronn
  • E Roude Fuedem, duerch de Roude Buedem – Projet vum Kënschtlerkollektiv Maskénada fir Esch2022
  • Borkenkäfer – E Schädling, deen an de leschte Jore méi dacks an eiser Bëscher optrëtt
  • Fiicht – en Dännebam, deen een am Minett dacks fënnt, obschonns en u sech net heihi gehéiert, mä säin Holz ass fréier benotzt gi fir d’Galerien ze stäipen.

 

 

Kontaktéiert d’Minett Mash-Up Ekipp:

Instagram E-Mail