Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 9 – Teena Lange X Gonnerhaus

Artistesch Directrice vum Spektrum

Dëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a Stolregioun.

Fir eise Podcast dëst Joer unzefänken, starte mir an der südlechster Stad vum Land, zu Rëmeleng, a begréissen d’Directrice artistique vum Projet Spektrum Teena Lange als Gaascht.

Eise Gaascht: Teena Lange

D’Teena Lange ass eréischt zanter dem leschte Joer zu Lëtzebuerg. Déi däitsch Performancekënschtlerin, déi Theater a Performance zu Leipzig, Paräis a Berlin studéiert huet, huet zu Berlin gewunnt an huet nach laang net all d’Brécken an hir al Heemecht ofgerappt. Fir ronn 10 Joer war si am Projet “Grüntaler 9” engagéiert, dat ass eng Plaz zu Berlin fir d’Performance Konscht ze promoten.

Nieft hirer Aarbecht als Curatrice zu Berlin huet d’Teena och als Kënschtlerin oder Curatrice zu Istanbul, New York, London, Jerusalem a Bréissel geschafft, fir just e puer Beispiller ze nennen. Zënter dem leschte Fréijoer dirigéiert d’Teena, zesumme mam Sebastian Häger, de Projet Spektrum zu Rëmeleng.

 

Spektrum, ass e Projet am Haus vum berüümte Rëmelenger Sculpteur Albert Hames. Et ass en Treffpunkt, deen als Esch2022 Projet entstanen ass, deen sech op immersiv, experimentell a prozessbaséiert kulturell a artistesch Praktike konzentréiert, souwéi kreativen Tourismus. Seng immersiv, strukturell a programmatesch Approche verbënnt interdisziplinär Perspektiven op d’Zukunft, d‘Géigewaart an d‘Vergaangenheet, souwéi Leit, Konscht an de kulturelle Patrimoine.

Spektrum wëll e Forum sinn, fir d’Froe vun der haiteger Zäit, wéi Interkulturalitéit, Ökologie, Nohaltegkeet, ëmmer a Verbindung mat konkrete Froe vum lokale soziale Raum. Déi immersiv Technologien déi um Site ze fanne sinn, bidden d’Méiglechkeet fir nei Formen a Formater vun (inter)kulturellen a artistesche Praktiken z’entwéckelen an ze experimentéieren. Duerch déi interaktiv Approche vum Haus an d‘Interventiounsméiglechkeeten op de Patrimoine vum Albert Hames stellt sech esou och d’Fro vun der Proprietéit an der Gestioun vum kulturelle Patrimoine. Dës Approche soll mam Projet entwéckelt a begleet ginn, an zesumme kann esou eng zäitgenëssesch Wëssenskultur ausgetosch a gelieft ginn.

Links:

Teena Lange Instagram Facebook
Spektrum Instagram Facebook

 

Eis Minett-Location vum Mount: Rëmeleng

D’Stad Rëmeleng

Um ieweschten Enn vum Käldall, un der franséischer Grenz, läit déi kleng Stad Rëmeleng. Tëscht 1863 an 1978 hat Rëmeleng Grouwen an do gouf Eisenäerz aus dem Buedem erausgeholl. Haut nach kann een am nationale Minnemusée dëst Kapitel vun der industrieller Vergaangenheet vun der klenger Stad, déi 1907 Stadrechter krut, entdecken.

D‘Kabaische vum Mount: D’Gonnerhaus

2023 kënnt all Episod vun eisem Podcast aus enger Kabaische vum Minett Trail. Dëse Premium Wanderwee, deen déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere op enger Längt vun 90 Kilometer matenee verbënnt, ass de roude Fuedem vun dëser Saison.

Fir eis Episod zu Rëmeleng empfänke mir eis Invitée am Gonnerhaus.

1900 gebaut, besteet d‘Gonnerhaus aus dräi verschiddene Materialien, déi all aus der Regioun kommen: Kallekstee vu Rëmeleng, wéi en haut nach an der Cimalux-Carrière, op der Grenz mat der franséischer Nopeschgemeng Ëtteng ofgebaut gëtt, Minettsteng an Zillen, déi zu Beetebuerg hiergestallt goufen.

D’Kabaische vum Minett Trail dréit den Numm vum Nicolas Gonner-Nau, fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Käl, zu där Rëmeleng bis 1891 gehéiert huet, a Grënner vun der Rëmelenger Schmelz, déi vun 1872 bis 1921 aktiv war. Eng Reouverture vun der Schmelz ass 1929 duerch déi global Wirtschaftskris verhënnert ginn. No 1941 ass de Groussdeel vun der Rëmelenger Schmelz ofgerappt ginn.

 

Am renovéierte Gonnerhaus kënnen 8 Wanderer iwwernuechten a gouf an hirer ursprénglecher Form erhalen. E “Box-in-a-Box”-System huet d’Aarbechterhaus an eng bequeem Plaz fir d’Nuecht ëmgewandelt. Lokal Kënschtler hunn d’Dieren mat Fresken aus natierleche Faarwe bemoolt. Si hunn och an den Huelraim vun der baussenzeger Mauer handgemaache Leem-Nistkëschte fir Zuchvillercher gebaut. De Leeëndecker, zum Beispill, baut op esou Plaze gäre säin Nascht.

Zënter dem leschte Summer kann d’Gonnerhaus, wat am richtege Sënn vum Wuert just e Steeworf vum Musée des Mines ewech ass, fir 210€ pro Nuecht reservéiert ginn.

Eise Quiz

 

De Propriétär vum Gonnerhaus, den Nicolas Gonner, war och Proprietär vun der Rëmelenger Minn, mä wat war hien nach?

A: Päerdsziichter

B: Buergermeeschter vu Käl

C: Deputéierten an der Chamber

Den Nicolas Gonner gouf de 17. Oktober 1824 zu Rëmeleng gebuer. Et gëtt ugeholl, datt seng Famill scho mat Wakeminett (dt.: Bohnerz) gehandelt huet, ier de Biergbau esou richteg am Minett ugefaangen huet an domat zu groussem Wuelstand komm ass. Nom Doud vu sengem Papp huet den Nicolas Gonner 1852 de Bauerebetrib vun der Famill zu Rëmeleng iwwerholl, en huet awer séier och ugefaangen Terrainen am Käldall ze kafen, fir spéider do d’Eisenäerz ofzebauen. 1872 huet de Gonner mat anere Finanzpartner d’Rëmelenger Stolwierk gegrënnt.

De Gonner war och politesch aktiv an tëscht 1855 an 1884, mat e puer Ënnerbriechungen, Buergermeeschter vun der Gemeng Käl, zu där Rëmeleng deemools nach gehéiert huet. Den Nicolas Gonner ass 1908 zu Rëmeleng am Alter vun 83 Joer gestuerwen.

 

Mir sinn net wäit ewech vum Nationale Minnemusée, hei zu Rëmeleng. D’Visiteure kënne mat engem Zuch direkt an d’Galerie fueren, mä wéi déif ass dës Galerie eigentlech?

A: 200 m

B: 70m

C: 1000 m

Lëtzebuerg läit um nërdlechen Enn vum loutrengeschen Eisebaseng, dat wäertvollt Mineral ass deemno relativ einfach z’erreechen. Obschonn et nom Zweete Weltkrich ëmmer méi op der Uewerfläch am Dagebau ofgebaut gouf, ass d’Minett an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert an och an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert gréisstendeels ënnerierdesch a Galerien ofgebaut ginn.

D’Minn Walert, déi, nodeems se zougaangen ass, den nationale Minnemusée gouf, läit also an der Moyenne nëmme 70 m ënner der Uewerfläch. D’Minn ass reegelméisseg op fir Visiteuren, déi hei gesi kënnen, wéi d’Mineure geschafft hunn an och déi technesch Entwécklung, déi de Biergbau tëscht den 1870er an 1980er zu Lëtzebuerg gemaach huet, gewise kréien.

 

Rëmeleng huet eppes ganz Besonnesches ze bidden an der Géigend vum Arboretum “An Aenzelen”, net wäit vum Stadpark. Wat kann een hei fannen?

A: Dee längste Front de taille vun engem fréieren Dagebau zu Lëtzebuerg

B: Déi eenzeg Minn aus dem Land, wou Gold fonnt ginn ass

C: Déi eenzeg Kallektuffquell an der Minett UNESCO Biosphere

Den Arboretum “An Aenzelen”, deen 1993 an der direkter Noperschaft vum Rëmelenger Stadpark ugeluecht gouf, gëtt op enger Säit vun engem Front de taille vun engem Dagebaugebitt begrenzt. Dëse gouf vun der Naturverwaltung am leschten Hierscht entbuscht, fir esou wichtege Liewensraum fir Insekten an Eidechsen z‘erhalen. Aus dësem Front de taille entspréngt en Kallektuffquell. Et ass déi eenzeg vun hirer Zort um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere, an e klengt Geheimnis, well se vill manner bekannt ass wéi déi vergläichbar Kallektuffquellen am Mëllerdall.

Linke bei d’Sujete vun dëser Episod:

  • Grüntaler 9 – Kulturplaz fir Performancekonscht zu Berlin
  • Albert Hames – Sculpteur vu Rëmeleng
  • Albert Hames Haus – Denkmalgeschütztent Haus vun der Famill Hames, wou den Albert Hames bis zu sengem Doud gelieft huet a säin Atelier dran hat.
  • 2001 & Njoy – Architektebureauen, déi fir d’Pläng vum Spektrum responsabel sinn
  • Spektrum – Immersive kulturell-touristeschen Zentrum vun der Stad Rëmeleng am Hames Haus.
  • Rëmeleng – déi flächeméisseg klengste Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere
  • Minett Trail – Premium-Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der UNESCO Minett Biosphere
  • Kabaisercher – Iwwernuechtungsméiglechkeete laanscht de Minett Trail, vun deenen e puer duerch d‘Renovatioun vun alen Industriegebaier entstane sinn.
  • Gonnerhaus – Kabaische vun der Gemeng Rëmeleng um Minett Trail
  • Jean-Pierre Bausch – fréieren Député-Maire vu Rëmeleng, éischte Mineur deen an der Chamber souz
  • Naturschutzgebitt Haard – Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere
  • Naturschutzgebitt Léiffrächen – Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere
  • Musée National des Mines de Fer Rumelange – Nationale Minnemusée – ee vun de gréisste Muséeë vun där Zort an Europa
  • Arboretum „An Aenzelen“ – Arboretum zu Rëmeleng, deen en Deel vum Stadpark ass
  • Musée Ferrum – neie lokale Musée zu Téiteng iwwert d’Stolvergaangenheet vum Minett an d’Aarbecht vun de Mineuren
  • Kallektuffquell – geologesch Erklärungen zu dëse Quellen
  • Minute/Year – Konschtprojet, dee vum 1.1. bis den 31.12.2023 am Spektrum installéiert ass
  • Multiplica – Festival vun der digitaler Konscht an den Rotonden zu Bouneweg
  • Jorge Crowe – argentinesche Kënschtler, dee beim Multiplica engagéiert ass an éischten Artist “en résidence” am Spektrum

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1