Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Industrie-Fossilien: Stade du Thillenberg

 

Fir den Optakt vun der neier Saison am Futtball stinn och eis Industrie-Fossilien dëse Weekend ganz am Zeeche vum Sport. Et geet op den Thillebierg, méi prezis an de “Stade du Thillenberg”, deen net wierklech eng industriell Vergaangenheet huet an awer. Ëmmerhin ass den Terrain de Red Boys Déifferdeng vun der HADIR zur Verfügung gestallt ginn.

De 24. Mee 1922 ass de Stade du Thillenberg ageweit ginn a war bis 2012, also 90 Joer laang, e feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Futtball.

Gebaut gouf dëse Stadion 1921-22 op Terrainen, déi dem Déifferdenger Stolwierk gehéiert hunn an déi bis dohin un e Bauer verpuecht waren.

Et waren d’Spiller an d’Membere vum Futtballveräin Red Boys Déifferdeng, déi den Terrain, mat Hëllef vun den Ingenieuren aus der Minn Thillebierg, déi direkt niewendrun ze fanne war, gebaut hunn. Schonn der éischter Saison, wou um Thillebierg gespillt gouf, konnten d’Red Boys och hiren éischte Lëtzebuerger Championstitel feieren.

Déi hëlzen Tribün, déi eenzeg vun där Zort, déi et nach zu Lëtzebuerg gëtt, ass 1924 fäerdeg gestallt ginn an huet sech un Tribünen aus englesche Stadien inspiréiert, déi an de éischte Jore vum 20. Joerhonnert gebaut goufen.

Impressionnant sinn och d‘Gradinen, déi an de „Kahlebierg“ gebaut goufen. Si maachen aus dem Thillebierg eng natierlech Arena an där bis zu 5000 Leit Plaz fonnt hunn.

Ongeféier esou vill Leit hunn och, de 26. Mäerz 1939, déi bis ewell eenzeg Lännermatchvictoire vu Lëtzebuerg géint Däitschland um Thillebierg erlieft.

De Stadion vum Thillebierg steet haut um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux a soll an den nächste Jore vu Grond op renovéiert ginn.

Kuckt hei all d’Episode vun eiser Serie “Industrie-Fossilien”.