Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Industrie-Fossilien: D’Gare vu Kéinzig

Bis 1969 sinn zu Kënzeg Zich gefuer. D’Uertschaft louch un der Atert-Linn, där hiren éischten Tronçon, vu Péiteng bis Stengefort, am Joer 1873 a Betrib geholl ginn ass an där hiert zweet Deelstéck vu Stengefort op Ettelbréck 1880 ageweit gouf.

D’Chemins de fer Prince-Henri hunn d’Streck vun hirer Grënnung bis 1940 exploitéiert. Nom Enn vum zweete Weltkrich huet d’CFL se iwwerholl a bis 1967 nieft Gidderzich och Persounenzich hei fuere gelooss.

1969 ass de Groussdeel vun der Atert-Linn ausser Betrib geholl ginn. Den alen Tracé ass awer erhale bliwwen, well en zu groussen Deeler an déi national Vëlospist 12 ëmgewandelt gouf.

Laanscht dësen Tracé steet och bis haut d’Kënzeger Gare, déi ewell e Restaurant ass, a wou ee sech bei engem Vëlostour, oder einfach esou, kann erhuelen a stäerken.

Kuckt hei all d’Episode vun eiser Serie “Industrie-Fossilien”.