Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Grouss Botz am Süden

Den Optakt vun de Bëschbotzaktiounen huet d’Gemeng Monnerech gemaach mat hirer grousser Bëschbotz-Aktioun, déi esou wuel vum Centre Culturel beim Nëssert zu Biergem ewéi och vun der Duerfplaz zu Monnerech aus fortgaangen ass.

Grouss Botz dëse Weekend zu Käerjeng an Esch

Dëse Weekend invitéieren direkt zwou Gemengen op d’Bëschbotzaktioun: Käerjeng an Esch-Uelzecht.

An der Gemeng Käerjeng ginn dräi direkt Trëppeltier organiséiert bei deenen den Dreck aus de Bëscher, Felder a Wise gesammelt ka ginn. Den Tour zu Nidderkäerjeng, fir d’Awunner vu Lénger, Nidder- an Uewerkäerjeng start beim Dribbel. Den Tour fir d’Leit vu Kënzeg geet beim Fussballterrain zu Kënzeg lass an deen zu Féngeg beim Festsall.

Den Depart ass all Kéier fir 9:00 Auer virgesinn an d’Participante si gebieden e gielen oder orange Sécherheetsgilet unzedoe fir matzegoen. D’Participatioun ass op Umeldung an et konnt ee sech bis den 10. Mäerz aschreiwen.

D’Stad Esch empfänkt déi Fräiwëlleg och dëse Samschdeg, 18. Mäerz, vun 8:30 Auer un op der Stadhausplaz. Hei gëtt et fir d’éischt e Kaffi an eng Mëtsch, éier et a Gruppen zu 9 Leit an déi Escher Bëscher geet, fir de Knascht aus de Wanterméint opzerafen. Nom Retour, dee géint Mëtteg geplangt ass, offréiert d‘Stad Esch all deenen, déi mat op den Tour waren, och nach e Mëttegiessen. Mat op grouss Botz zu Esch ginn den RTL Reporter an d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

Fir déi grouss Botz zu Esch kann ee sech nach bis dëse Freideg umellen.

 

Vun e Méindeg un Botzaktioune ronderëm Déifferdeng

Vun e Méindeg, 20.Mäerz bis de Samschdeg, 9. Abrëll, kann een och zu Déifferdeng un der grousser Botz deelhuelen. Hei gëtt et net eng eenzel Manifestatioun, mä déi Interesséiert kënnen 3 Woche laang op eege Fauscht den Dreck an d’Bëscher sammele goen. D’Gemeng stellt duerfir extra Poubelles-Säck zur Verfügung, déi een duerno bequeem laanscht de Wee, deen een gebotzt huet ka stoe loossen. Nom Enn vun der Aktioun kritt jiddereen, dee matgehollef huet d’Bëscher ronderëm d’Cité du Fer ze botzen e klenge Kaddo vun der Gemeng.

Umelle kann ee seng Botzekipp andeems een dëse Formulaire ausfëllt.

4 Gemenge mobiliséieren de 25.3.

Direkt 4 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere mobiliséieren dann de 25. Mäerz: Beetebuerg, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem.

An der Gemeng Beetebuerg ginn zwee Botztier organiséiert, deen ee mat Depart an Arrivée beim Beetebuerger Schlass an deen anere geet vun der Huncherenger Schoul fort. Lass geet et all Kéiers um 10:00 Auer.

Zu Rëmeleng start déi grouss Botz schonn um 9:00 Auer. De Rendezvous ass op der Maartplaz a jiddereen ass wëllkomm fir mat ze  hëllefen. Zousätzlech Informatioune kritt een hei. 

De Samschdeg 25. Mäerz start déi grouss Schëfflenger Botz um 9:15 Auer. Lass geet et beim Hall Polyvalent an der rue Denis Netgen an d’Gemeng belount jiddereen, dee matmécht, am Uschloss vun der grousser Botz mat engem waarme Mëttegiessen. Fir zu Schëffleng dobäi ze sinn, musst dir iech bis de 17. Mäerz hei ugemellt hunn.

Direkt 4 Sammelaktiounen ginn de 25.3. um 10:00 Auer an der Gemeng Suessem gestart, eng an all Duerf. Zu Bieles geet vum Parking beim Kierfecht an d’Felder a Bëscher, zu Éilereng ass den Depart beim Kulturschapp, zu Suessem bei der Sportshal an zu Zolwer um ale Basketsterrain (Place de l’Indépendance). Als Merci gëtt ofschléissend eng Zopp um Matgesfeld zerwéiert. Bis den 20. Mäerz kann ee sech hei umellen, fir bei dëser Aktioun dobäi ze sinn.