Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Geopoetik am Mäerz

Direkt zwou geopoetesch Manifestatiounen annoncéiere sech fir dëse Mount. Den éischte Rendezvous ass dës Woch am Musée um Fëschmaart an der Stad an deen zweete Rendezvous dann de 25. Mäerz zu Diddeleng.

Konferenz: Landschaft am Wandel – eng geopoetesch Vue op de Minett

Zënter der leschter Woch ass am Musée national d’histoire et d’art Luxembourg (MNHA) d’Ausstellung „Edward Steichen (1879-1973). The Artist’s View” ze gesinn. Kuratéiert gouf dës Espositioun vun den zwee Kënschtler Erwin Olaf an Hans op de Beeck.

D’Relatioun vum Mënsch zu senger natierlecher Ëmwelt an de mënschlechen Impakt op d’Ausgesi vun der Landschaft si wichteg Theemen an de Wierker vum Hans Op de Beeck a vum Erwin Olaf aus der Ausstellung.

Dës Sujete sinn natierlech universell an och zu Lëtzebuerg ganz present. Am Kader vun der neier Ausstellung diskutéieren de Robert Weis an de Sébastian Thiltges iwwert d’Verännerunge vun der Landschaft am Minett an dat aus engem literareschen a schrëftstelleresche Point de Vue. Moderéiert gëtt d’Konferenz „Landschaft am Wandel: eng geopoetesch Vue op de Minett“ vun der Lis Hausemer.

Den Auteur Robert Weis huet 2022, an Zesummenaarbecht mam italienesche Geopoet Davide Sapienza an der Minett UNESCO Biosphere, d’Buch Rocklines – A geopoetic journey across the Minett UNESCO Biosphere erausbruecht. Als fréieren Diddelenger kennt den Auteur a Geolog Robert Weis d’Landschafte vum Süden am Detail a kann de Agrëff vum Mënsch op d’Natur natierlech beschtens erklären an dat esou wuel vun engem literareschen ewéi och vun engem wëssenschaftleche Standpunkt aus.

D’Konferenz am MNHA ass dësen Donneschdeg, de 16. Mäerz um 18h00. Se ass a Lëtzebuerger Sprooch, gratis an op fir jiddereen. Dir musst iech just am Virfeld hei aschreiwen.

© Marc Weis

Naturalistesch Excursioun: De mënschlechen Impakt op déi al Dagebaugebidder am Minett

Wann Dir d’Geopoetik um Terrain erliewe wëllt, da kënnt Dir Iech de Rendezvous vum Samschdeg, de 25. Mäerz notéieren.

De Josy Cungs, dee sech schonn an den 1980er Jore fir den Erhalt vun den alen Dagebaugebitter laanscht déi franséisch Grenz agesat huet an de Robert Weis proposéieren eng geopoetesch Excursioun duerch d’Haard zu Diddeleng.

Déi fréier Dagebaugebidder am Minett stinn ewell alleguerten ënner Naturschutz a bilden d‘Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, déi d’Zesummeliewe vun Natur an Mënsch an de Mëttelpunkt stellt. Op dëser Wanderung gëtt gewisen, wéi de Mënsch d’Landschaft gepräägt a verännert huet an wéi d’Landschaft eis präägt a verännere kann. D’Erklärungen zu der Landschaft, hirer Natur an der Wichtegkeet dës z’erhale komme vum Josy Cungs an de Robert Weis wäert ausgewielten Extraiten aus dem geopoetesche Reesbuch „Rocklines – a geopoetic  journey across the Minett UNESCO Biosphere” liesen.

Den Tour geet de Samschdeg, 25. Mäerz um 14h00 um Parking beim CNA zu Diddeleng fort a wäert ronn 3 Stonnen daueren. Matgoe ka jiddereen, dee sech fir d’Natur vum Minett interesséiert. Et soll ee sech awer am Virfeld iwwer dëse Link umellen.

Geoepoetescht Reesbuch “Rocklines” nach disponibel

Sollt Dir dësen Donneschdeg oder de Samschdeg an enger Woch keng Zäit hunn fir bei den zwou geopoetesche Manifestatiounen am MNHA oder op der Haard dobäi ze sinn, da kënnt Dir déi geopoetesch Approche vum Minett aus der Fieder vun Davide S. Sapienza a Robert Weis mat hirem Buch „Rocklines – a geopoetic journey across the Minett UNESCO Biosphere“ entdecken.

D’Buch ass am Juli 2022 bei den “éditions phi” erauskomm. Et kann online bestallt ginn oder ass, op Englesch oder Franséisch, an all gudder Librairie am Land ze fannen.