Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

D’Kabaisercher an hir Konzepter

Nom Enn vun der MinettREMIX-Expo vum Industriekultur-CNCI zu Diddeleng ass d’Decouverte vum Minett Trail, dee vu Visit Minett aménagéiert gouf an duerch déi ganz Minett UNESCO Biosphere féiert elo am Centre nature et forêt Ellergronn ze gesinn. Hei kënnt Dir, bis d’Fréijoer 2023, méi gewuer ginn iwwert all déi 11 Kabaisercher um Minett Trail, déi vu Simpleviu geréiert ginn. Entdeckt d’Konzepter hannert de Kabaisercher, déi duerch en Architekteconcours vum OAI – Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils an dem Syndicat Pro-Sud entstane sinn.

Profitéiert méi iwwert d’Kabaisercher an den OAI gewuer ze ginn an trëppelt aus dem Ellergronn, dem Häerz vun der Minett UNESCO Biosphere, e Stéck iwwert de richtege Minett Trail, sief et a Richtung Rëmeleng oder duerch Esch op de Belval.