Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

D’Grenz: e periphäre Entscheedungsraum?

D’Kandidatur vun der PRO-SUD Regioun mam GECT Alzette Belval an dem Pôle Métropolitain Frontalier du Nord Lorrain (PMF) gouf am Kader vun engem Appell vun der OECD an der DG REGIO:  “Building More Resilient Cross-Border Regions” (Schafe vu resiliente Grenzregiounen) zeréckbehalen. Eist franséischt-lëtzebuergescht Grenzgebitt zielt 520.000 Awunner.

D’DG REGIO vun der Europäescher Kommissioun an d’OECD hu Vertrieder vu fënnef ausgewielte Pilotregiounen invitéiert un dësem Startprojet deelzehuelen.

De Projet, dee 15 Méint laang dauert, wäert, ënnert anerem, eng Etüd iwwer d’Ëmsetzung vun ëffentlecher Politik (z.B. grenziwwerschreidend Steierpolitik) a Servicer (wéi Gesondheetssystem, Transport, Educatioun) a funktionelle Grenzregiounen ëmfaassen.

De Projet wäert sech och dës dräi Aspekter vun der Gouvernance konzentréieren:

Acteuren: Wéi eng staatlech an net-staatlech Acteure sinn un der Kollaboratioun iwwert d’Grenzen ewech bedeelegt; wéi engagéieren se sech ënnerteneen; wéi eng Barrièrë stinn enger effektiver Gestaltung an Offer vu grenziwwerschreidende Politicken a Servicer am Wee?

Politieche Ziler: Wéi kënnen integréiert territorial Strategië fir funktionell Grenzgebitter entwéckelt an ëmgesat ginn, déi d’Raumplanung stäerken, déi et erméigleche verschidden ëffentlech Déngschtleeschtungen accessibel ze maachen an déi d’Mobilitéit vun der Main d’oeuvre verbesseren?

Mëttel: Wéi eng Finanzéierungsmechanisme gi genotzt a kënnen a Fro kommen, fir grenziwwerschreidend ëffentlech Servicer besser z’implementéieren an déi physesch Infrastruktur ze verbesseren.

Déi aner véier Pilotregioune setze sech aus Deeler vun dëse Länner zesummen: 

  • Andorra, Frankräich a Spuenien. Communauté de travail des Pyrénées (CTP).
  • Belsch a Frankräich. Eurométropole Lille-Kortrijk-Tournai (GECT).
  • Litauen a Polen. Veräin “Euroregion Niemen” an d’Gemeng Alytus.
  • Portugal a Spuenien. Groupement européen de coopération territoriale – GECT Rio Minho.

 

Zil vum Lancementsevenement zu Bréissel war et, de Projet offiziell ze lancéieren. D’Pilotregiounen haten d’Geleeënheet, sech mat de verschiddene Komponente vun der Initiativ ze familiariséieren. 

En Drëttel vun der Populatioun vun der EU lieft an enger Grenzregioun. Grenze sollt Mënschen zesummebréngen, amplaz se ze trennen.