Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Déi Jonk an d’Ëmwelt

5 Weeër, wéi mär (déi jonk Generatioun) d’Differenz maache kënnen

Dir liest hei Iwwerleeunge vum Mahmoud Hashoush, deen aktuell en Erasmus+ Stage bei eis an der Minett UNESCO Biosphere mécht

Och wa mer gleewen, datt déi grouss Decisiounen am Zesummenhang mat der Ëmwelt an den natierleche Ressource vun der Äerd bausst eiser Kontroll leien, gëtt et vill Méiglechkeeten, wéi MÄR d’Verännerung virubrénge kënnen.

Wann där eng Kéier eppes ënnerhuele wollt an äerch net kapabel gefillt hutt oder wann der geduecht hutt, datt är Handlungen ouni Bedeitung sinn, dann ass dësen Artikel genee fir äerch geschriwwen.

Dat Wichtegst fir d’éischt. Firwat läit eis d’Ëmwelt wierklech um Häerz?

Wëssenschaftler hunn e groussen Deel vun hirer Zäit domat verbruecht, dës Fro ze verstoen an duerno och ze beäntweren. Se hunn erkannt, datt mer am beschten erausfanne kënnen, firwat eis d’Ëmwelt um Häerz läit, andeem mer de Wäert vun der Ëmwelt an allem, wat se ze bidden huet, determinéieren (oder et op mannst probéieren). 

Zu dësem Zweck ginn d’Wëssenschaftler dovunner aus, datt d’Ëmwelt nieft hirem eegene Wäert och eng Rei u Produiten a Servicer offréiert, déi fir eis Mënsche liewenswichteg sinn, fir ze liewen an eis z’entwéckelen.

Zu dësen Ëmweltproduiten a -servicer gehéieren, ënnert anerem:

  1. D’Matière Premièren, déi mer fir Produktioun a Konsum, also fir déi ekonomesch Croissance brauchen.
  2. Ekologesch Déngschter, déi eist Liewen erhalen, virun allem d’Versuergung mam Sauerstoff, dee mer ootmen, proppert Waasser, ouni dat mer net liewe kënnen, d’Bestäubung  vu Planzen, d’Proppermaache vu Waasser, d’Bekämpfung vu Parasitten a villes méi.
  3. Eng Kuliss oder Plaz, fir vill vun eise Fräizäitaktivitéiten, ewéi Wanderen, Zelten, d’Observatioun vu Villercher, Aangelen, Schwammen an aneren.
  4. Eng Inspiratioun an e Medium fir den Ausdrock vun enger Identitéit, egal op spirituell oder just ästhetesch.
  5. Eng Datebank, mat der mer d’Wëssenschaften, déi natierlech Welt an hiren Ursprong verstinn.

 

An elo? Mat wéi enge 5 Moyenë kënne mer eng Differenz maachen?

A Wierklechkeet gëtt et onendlech vill Méiglechkeeten, wéi mer eppes Positives fir eis Ëmwelt maache kënnen. Denkt drun, datt mer als Membere vun enger Communautéit eng wichteg Roll spillen, well eist kollektiivt Verhalen präägt eis Gemeinschaft an d’Gesellschaft an där mer liewen, och wa Länner an Organisatiounen hir Politik an hiert Verhalen ännere mussen.

Hei sinn e puer Méiglechkeet, wéi mer eis de Bien-être vun eiser natierlecher Ëmwelt schützen a fërdere kënnen:

1. Benevolat a lokaalt Engagement

Onofhängeg dovunner, wou een op der Welt lieft, gëtt et vill Ëmweltorganisatioune fir Jonker, lokal Veräiner an Ëmweltassociatiounen, die aktiv ginn a jonk Mënschen – wéi äerch – brauchen, déi matmaachen. En Engagement kann dora bestoen, Opmierksamkeet z’erreegen, zu Aktiounen opzeruffen, Hëllef unzebidden oder eng lokal Botzaktioun z’organiséieren, Donen ze sammelen a villes méi.

2. Informéiert sinn

Iwwer d’Natur an d’Ëmwelt, an där mer liewen, ze léieren, ass aus zwee Grënn wichteg: a. fir ze verstoen, wéi alles an eiser Biosphär ënnert ongestéierte Konditioune funktionéiert, a fir se z’erhalen, a b. fir ze verstoe wéi sech Agrëff op d’Ëmwelt an hir Komponenten auswierken, fir dës ofzefiederen oder Léisungen zu fannen.

3. “Spread the word”

Et geet net duer, datt MER wëssen, wat ass a wat gemaach soll a ka ginn. Sensibiliséierung ass wichteg, mä muss sech net just un de breede Public riichten. Se kann an eisem klenge Krees vu Frënn, Kolleegen oder an der Famill sinn. Wie seet, datt een eng Powerpoint-Presentatioun brauch, fir Bewosstsinn ze schafen? Och déi sozial Medie bidden heifir eng gutt Plattform. 

4. De Konsum aschränken

Dat ass net just wichteg fir eis natierlech Ressourcen z’erhalen, mä och fir d’Kapazitéit vum Planéit fir Offall opzehuelen, net z’iwwerschreiden. An hei geet et net ëm drëm, de Konsum ze stoppen, mä éischter dorëms, d’Optiounen, déi eis zur Verfügung stinn, ofzeweien an dee Choix ze huelen, dee fir eis AN OCH fir d’Ëmwelt am meeschte Sënn mécht.

5. Opfuerderung fir ze Handelen

Mesure kënne grad esou gutt därer sinn, déi sech op d’Erhale vun der Ëmwelt bezéien (wann dës nach intakt ass) ewéi och esou Mesuren, déi Léisunge fir existent Probleemer proposéieren (wa Perturbatiounen opgetruede sinn). Denkt ëmmer drun, datt mer eis bei der Suggestioun vu Léisungen net als Géigner vun Institutiounen oder Persounen ze verstoen hunn. Et sollt éischter d’Propos sinn, eppes ze verbesseren, oder eng Geleeënheet fir zesummen ze handelen, fir e gemeinsaamt Zil z’erreechen – de Schutz an d’Erhale vun eiser Ëmwelt.