Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

De Streedéngscht vun der Stad Esch

Streesalz kënnt an d’Kanalisatioun, fir an der Kläranlag traitéiert ze ginn. An awer packen et Réckstänn trotzdeem bis an d’Waasser vun der Uelzecht. Fir ze verhënneren, datt d’Ewechmaache vum Schnéi en ze groussen Afloss op eis natierlech Ëmwelt huet, hunn d’Streedéngschter vun de Gemengen eng Rei Techniken, déi se benotzen. E Gespréich mam Marc Kollmesch, dem Responsabele vum Service fir Hygiène a Recycling vun der Stad Esch-Uelzecht.

 

Här Kollmesch, Dir sidd de Chef d’équipe fir de Service Hygiène a Recycling vun der Stad Esch. Domat sidd dir och mat Responsabel fir de Streedéngscht. Kënnt Dir eis e puer Detailer iwwert dëse verroden?

Marc Kollmesch: Ech maachen dësen Job elo scho bal 28 Joer laang, wann een esou wëll. An där Zäit huet d’Manéier wéi gestreet gëtt, net vill changéiert. Et fält awer op, datt d’Wanteren an de leschten zéng Joer manner haart waren. Et huet manner kräfteg geschneit an et gouf manner extreemt Glatäis.

Wéi ass Äre Service organiséiert, wann et elo awer, zum Beispill, schneit?

Marc Kollmesch: Normalerweis gi mir vun de Ponts & Chaussées kontaktéiert, déi eng allgemeng Warnung fir de Kanton Esch-Uelzecht erausginn. All lokalen oder kommunale Chef de Permanence ass dann duerfir responsabel, ob seng Ekippe mobiliséiert ginn oder net. Wat d’Stad Esch ugeet, esou hu méi eng Prioritéitelëscht, wat d’Stroossen an aner Weeër betrëfft, déi musse geraumt ginn: Mir consideréieren den Trafic, d’Bedeitung vun der Verkéiersoder oder och d’Gefor, déi duerch eng Steigung ausgeet. Dës Reiefolleg muss, ouni Ausnam, agehale ginn, fir de Verkéier eenegermoosse flësseg a sécher ze halen. D’Sécherheet ass déi wichtegst Prioritéit.

Aus Récksiicht op d’Ëmwelt streeë mir och net preventiv. D’Salz, wat op Stroosse gestreet gëtt, lant op déi eng oder aner Manéier schlussendlech an der Uelzecht, esouguer wann et virdrunner an enger Kläranlag traitéiert gouf. Fir all Konsequenz op eis natierlech Ëmwelt esou kleng ewéi méiglech ze halen, reduzéiere mir d’Salzquantitéit, déi mer streeën, op e Minimum. Aus dësem Grond gi mer och just bei Schnéifall oder Glatäis eraus.

Kënnt Dir eis erklären, wéi är Ekippen agéieren?

Marc Kollmesch: Mir hunn eng Permanence vun ongeféier 20 Persounen, déi asazbereet sinn, awer och iwwer dräi Gefierer mat deene mer Salz streeë kënnen. Wann et schneit, da benotze mir praktesch just Salz, tëscht 5 a 15 Gramm op de Quadratmeter. Bäi Glatäis benotze mir eng Salzléisung, déi aus enger Mëschung tëscht Salz a Waasser besteet. Salz muss nämlech an engem fiichtem Environnement sinn, fir richteg kënnen ze wierken. De Schnéi bréngt ëm dës néideg Fiichtegkeet. Bei Glatäis muss awer Waasser dobäikommen, et muss eng Lauge gemaach ginn, fir sécher ze goen, datt d’Streeën och wierkt.

Géift Dir de Bierger dës Praxis dann och recommandéieren?

Marc Kollmesch: Ech roden de Bierger dozou, an alle Situatioune just Streesalz ze benotzen, wat een normal kafe kann. Fir d’Konsequenzen op d’Ëmwelt esou geréng ewéi méiglech ze halen, recommandéiere mir eng 5 bis 15 Gramm op de Quadratmeter ze benotzen. Et mécht kee Sënn, ze vill Salz ze benotzen. Wichteg ass et, datt d’Salz gutt verdeelt gëtt. 5 Gramm op de Quadratmeter ginn duer bei liichtem Schnéi oder Glatäis, 15 Gramm wann et méi geschneit huet. Ech proposéieren, datt een eng gutt Handvoll Salz an de Grapp hëlt an dës da weit, esou ka jidderee séier gesinn, wéi vill Salz, datt e brauch. Mir deconseilléieren och am Virfeld ze streeën.

Wéi sollt een dann am Idealfall handelen?

Marc Kollmesch: Fir d’éischt emol sollt een de Schnéi mat enger Schëpp oder engem Biesem esou wäit raumen, datt e Passage fir Foussgänger oder Rollstullfuerer entsteet. Esou bal dëse Passage fräi ass, kann ee Salz streeën, mä hei sollt een drop oppassen déi richteg Grammzuel ze benotzen an d’Salz gläichméisseg verdeelen. Ech erënneren och drun, datt dem Gemengereglement no all Bierger fir säin Deel vum Trottoir responsabel ass. D’Gemeng këmmert sech ëm d’Stroossen an aner ëffentlech Weeër. D’Awunner si responsabel, wann et virun hirer Hausdier an bei den Zougäng an hiert Haus zu enger Chute oder engem Accident kënnt.

Wat soll een dann op kee Fall maachen?

Marc Kollmesch: Dat Éischt, wat Dir evitéiere sollt, ass ären Trottoir ze wäschen, wann d’Gefor vu Frascht besteet. Et gëtt Leit, déi all Dag hiren Trottoir esou propper maachen. Wa Frascht virausgesot ass, sollt een dat si loossen. Schnéi mat waarme Waasser ewechmaachen, oder d’Scheiwe vum Auto mat waarme Waasser entdeeën, ass och keng gutt Iddi. Esou kënne glat Surfacen entstoen, esou bal wéi d’Waasser sech ofgekillt huet a fréiert.

Wéi eng Messagë wëllt Dir de Bierger mat op de Wee ginn?

Marc Kollmesch: Fir d’éischt emol, sollt den Trottoir virum Salze propper gemaach ginn. Duerno soll ee Salz a Moosse streeën an drop oppassen, datt et gläichméisseg verdeelt ass. Net mat Waasser schaffen, wann et fréiert a seng Rechter a Flichte kennen. Déi néideg Informatiounen zu de Rechter a Flichte stinn am Gemengereglement, wat um Website vun all Gemeng ze fannen ass. Da muss een och Gedold hunn, wat d’Fräimaache vun den Haaptstroossen ugeet. D’Gemeng huet eng Prioritéitelëscht fir de Schnéi ze raumen, déi am Interessi vun allen opgestallt ginn ass. En plus ass et wichteg, datt den Auto bei Schnéi och Wanterpneuen huet.

 

Wéi vill Tonne Salz ginn dann esou an engem Wanter zu Esch gebraucht?

Marc Kollmesch: An dësem Wanter (2021-22) hu mer bal 60 Tonne Salz gebraucht. Dat ass wéineg am Verglach mat de Jore virdrunner. Ech ginn dovunner aus, datt dat op de Klimachangement an d’Hausse vun den Temperaturen zeréck ze féieren ass.

Gëtt et Alternative fir d’Salz z’ersetzen?

Marc Kollmesch: E puer Länner benotzen aner Methoden, wéi Kräsi zum Beispill. Fir eis Géigend an eis meteorologesch Konditiounen si Salz oder Salzsolutiounen nach ëmmer déi bescht an déi propperst Léisungen.