Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

D’Bëschléierchen – den heemleche Star vun eiser Biosphäre

Am Joer 2022 huet d’Naturverwaltung sech op d’Sich nom heemleche Star vun der Minett UNESCO Biosphere gemaach an en och fonnt.

Entstanen en interessanten Documentaire vun 12 Minutten, deen en Abléck gëtt an d’Liewe vun der Bëschléierchen, engem klengen Zuchvull, deen um Buedem bréit a sech an den oppenen Dréchewise vun den alen Dagebaugebitter am Süde vu Lëtzebuerg richteg wuel spiert.

Wéinst der gerénger Unzuel u Bëschléiercher zu Lëtzebuerg mussen dës speziell geschützt ginn. Dowéinst ass et och, tëscht Mäerz a September, verbueden ouni Léngt mat sengem Hond duerch d’Naturschutzgebitter vun der Minett UNESCO Biosphere ze trëppelen.

By Åsa Berndtsson – Trädlärka / Woodlark, CC BY 2.0,