Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Atelier iwwert d’Energiebilanz

E Méindeg, den 8. Mee, war d’Minett UNESCO Biosphere mir invitéiert fir beim “Diversity Day” vun der internationaler Schoul vun Déifferdeng matzemaachen. An Zesummenaarbecht mam Departement fir Physik an nohalteg Entwécklung vum Scienceteens Lab vun der Universitéit Lëtzebuerg hu mer en Atelier proposéiert. 87 Schülerinnen a Schüler hunn un dësem Workshop deelgeholl. Et goung drëms se zum Nodenken iwwert eisen Energieverbrauch ze bréngen. Et ass nämlech esou, datt en Awunner vu Lëtzebuerg am Schnëtt duebel esou vill Energie brauch ewéi en EU-Awunner.

Den Dr. Louis Kreiger huet de Jonken, mat Hëllef vun engem interaktive Spill, d’Grënn vum héijen Energieverbrauch erkläert. Hien hat eng Wo matbruecht, wou een, op déi eng Säit, d’Elementer vun eisem Alldag (Wunneng a Liewensstil) leet, déi Energie consomméieren, an, op déi aner Säit, déi fotovoltaiesch Energie, déi mir brauche fir eise Konsum ze decken.

Op dësem Website ka jiddereen säin Energieverbrauch online norechnen.

D’Léisung fir eng Differenz ze maachen, ass natierlech: Manner verbrauchen!