Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Aire terrestre éducative

Den 18. Januar war de Start vum neie pedagogesche Projet “Aire terrestre éducative” zu Rëmeleng am Arboretum, deen iwwer ee Joer geet. En drëtt an e fënneft Schouljoer formen zesummen en Schüler Rot, deen en Stéck Natur entdeckt, dobausse Schoul gehale kritt a selwer decidéiere kann, wat am Arboretum verännert gëtt.

Bei der éischter Sortie hunn si zesumme mam Fierschter Daniel Sannipoli den Terrain an seng Geschicht kenne geléiert. De fréieren Dreckstipp gouf Enn den 90er Joer amenagéiert fir dorobber en Arboretum mat verschiddene Bamzorten ze planzen.