Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

20 Joer PRO-SUD – Dan Biancalana (2014/2018)

Op regionalem Niveau agéieren

Am Februar 2014 huet den Dan Bianclana d’Presidence vum PRO-SUD iwwerholl. D’Gemengesyndikat PRO-SUD sollt un engem aktualiséierte regionale Programm schaffen. Ënnert dem Dan Biancalana ass eng nei Zukunftskonferenz mat de wichtegsten Acteuren aus der Regioun aberuff ginn, fir eng adaptéiert regional Visioun z’erstellen. An engems huet hien de Schwéierpunkt vun den Aktivitéiten nees op d’Entwécklung vun de Gemenge geluecht, virun allem am Beräich vun der Mobilitéit. Op dës Aart a Weis konnt d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteure verbessert ginn.

 

De PRO-SUD huet och ëmmer op gudder Basis a mam Support vum Landesplanungsministère geschafft. Am Joer 2014 hunn déi zwou Instanzen eng éischt pluriannuell Konventioun ënnerschriwwe mat där eng regional Plattform fir d’Services écologiques an eng Plattform fir d’Realisatioun vun éischten Etuden iwwert d’Erstelle vun den neie PAGen fir déi 11 Gemengen an d’Liewe geruff goufen.

Iwwerdeems sech de Gemengesyndikat méi mat Sujete befaasst huet, déi déi sektoriell Pläng an d’Landesplanung betraff hunn, gouf eng Etüd iwwert d’Cyclabilitéit realiséiert. Fir dëse grousse Projet hunn e belschen an en hollännesche Bureau d’étude d’Verkéiersachsen an de Gemengen analyséiert, fir erauszefannen, wéi einfach oder wéi komplizéiert et war, fir dagdeeglech Strecke mam Vëlo ze fueren. Dës Aarbecht sollt hëllefen e flächendeckende Reseau vu Vëlosweeër an der Südregioun opzebauen.

Dës Etüd, déi den Zoustand vun de Stroossen analyséiert huet, war den Ufank vun der ëmweltfrëndlecher Mobilitéit, déi fir eng nohalteg Entwécklung vun zentraler Bedeitung ass.