Atelieren
Sonndeg, de 26. Juni 2022
vun 10:00 bis 17:00
am Ellergronn zu Esch/Uelzecht
Sport, Spill a Spaass fir Grouss a Kleng!
Bei den Atelieren um Dag an der Natur ass fir jiddereen eppes dobäi. Dir kënnt sportlech ginn, eppes mat Déieren ënnerhuelen, bastelen oder äert handwierklecht Talent testen.
Hei fannt dir den Detail vun all den Atelieren, déi iech um Dag an der Natur proposéiert ginn.
1 Rendez-vous mat de Schof
D’Mataarbechter vum Escher Déierpark bidden iech d’Geleeënheet hir Schof kennen ze léieren.
2 Stackbrout backen
Maacht mat den Educateuren an Educatricen aus der Escher Bëschrèche Brout a baakt et iwwert dem oppene Feier.
3 Apicool
Apicool proposéiert en Atelier fir aus Pärele Beien a Libellen ze bastelen an dës da mat Naturfaarwen ze bemolen.
4 Segwaytours
Léiert Segway fueren a maacht mat bei engem Concours fir e flotte Segway-Ausfluch ze gewannen.
5 Biodiversitéit am Bësch
De Bësch, seng Planzen an Déieren ertaaschten, kenneléieren a verstoen. Dat ass d’Zil vum Atelier deen de Panda Club vum ‘naturmusée’ proposéiert.
7 D’Geologie vum Minett
D’Ekipp aus dem Musée Ferrum gëtt iech en Abléck an déi eenzegaarteg Geologie vum Minett.
8 Bouschéissen
D’Escher Bouschéisser ginn jidderengem eng Aféierung an d’Konscht vum Schéisse mam Bou.
9 Hummeren aus Holz
De Lothar Wilhelm fabrizéiert mat iech kleng a grouss Hummeren aus Holz.
10 Poterie
Realiséiert zesumme mam Ute Wons eege Kreatiounen aus Leem.
11 Escher Geméisguart
Den Escher Geméisguart stellt sech vir, verkeeft a bastelt mat de Kanner aus Blumme Bijouen.
14 Mär schnëtzen
D’ANF mécht mat de Kanner aus Holz Konscht, andeems se mat Schnëtzmesser eege Skulpture maachen.
16 Mir maache Miwwelen
Atelier fir aus natierleche Materialen an ouni Pesch a Koll eege Miwwel oder Kierf ze maachen.
17 Spill mol / See mol
Grouss gemeinschaftlech Spiller aus Holz zesumme spillen, oder mat historesche Seeë selwer eppes erschafen.
19 Holzbrennatelier
Zesumme mat Moniteure vun der ANF kann een an dësem Atelier Nimm a Formen an d’Holz brennen.
Klickt op de Plang hei ënnendrënner fir ze gesinn, wou wat um Site geschitt.