Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Ellergronn

Zënter 1988 en Naturschutzgebitt

Zënter dem 28. Oktober 2020 sinn déi méi ewéi 110 Hektar eng vun de 6 zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere.

Duerch e Reglement Grand-Ducal ass den Ellergronn schonn am Joer 1988 ënner Naturschutz gestallt ginn an haut ass et eng vun de Kärzone vun eisem Biosphärereservat. Dës Kärgebitter zeechne sech alleguerten doduerch aus, datt et fréier Dagebaugebitter sinn.

Dëst ass am Ellergronn awer just deels de Fall, well duerch eng geologesch Spezifissitéit d’Minette am Ellergronn zum Deel esou déif läit, datt se iwwer Galerien huet mussen aus dem Buedem geholl ginn.

 

Um Gebitt vum Ellergronn fënnt een och déi al Minn Cockerill, déi schonn 1881 a Betrib geholl gi war. Den ale Site vun der Minn, mat senger Salle des pendus, déi haut zum Musée gehéiert, ass komplett erhalen an an de Gebaier ass nieft dem Musée vun der Minn Cockerill och den Naturzenter Ellergronn vun der Naturverwaltung an d’Administratioun vum Gemengesyndikat PRO-SUD ze fannen, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert.

D’Bëscher an d’Wisen, esou wéi och d’Weieren an Dëmpelen, déi duerch de Kollaps vun den ale Minnen entstane sinn, bidden haut eng enorm Biodiversitéit an déi ganz Kärzon ass iwwert eng Rei vu gutt beschëlderten Trëppelweeër kamoud z’entdecken.

Och de Minett Trail, deen d’nächst Joer, mat senge Kabaisercher, geet duerch den Ellergronn.

An dëser Broschür iwwert den Ellergronn, déi 2017 vun der Naturverwaltung editéiert gouf, bitt op 98 Säiten en ganz detailléierten Abléck an d’Kärzon Ellergronn vun der Minett UNESCO Biosphere.

© Marc Weis